lb | fr | pt | en |
D’Mass um 1. Adventssonndeg gouf vun Aasselbuer iwwerdroen
De 27. November, um 1. Advent, gëtt d’Sonndesmass vun Aasselbuer iwwerdroen. Et séngt d’Chorale Sainte-Cécile Aasselbuer. Dirigentin ass d’Monique Palzer-Weber, Organistin d’Anne Weis-De Jongh. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Ste Cécile vun Aasselbuer
Scho bal traditionnell sange mir och dëst Joer eis Tëleesmass om 1. Advents-Sonndeg. Eise Chouer besteet well iwwer 150 Joer an et mécht ëmmer nach Freed an esou enger flotter Equipe ze sangen. Mir hunn all mëttwochs Prouf a probéieren och fir all Mass ee schéine Programm mat deels neie Lidder anzeprouwen. Fir de Moment hu mer 20 aktiv Sänger, an et as jidderee wëllkomm, dee gäre séngt. Avis aux amateurs.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Präludium | C. H. Rinck |
---|---|---|
Agangslidd | Venez divin Messie | P. Roguet / P. Barjon |
Kyrie | Messe „Soleil des Nations“ | M. Danzin |
Alleluia | Messe „Soleil des Nations“ | M. Danzin |
Gowelidd | Komm, Gott mit deiner Gnade | E. Eckert-W. Heurich |
Sanctus | Messe „Soleil des Nations“ | M. Danzin |
Vater unser | Vater unser | H. Haller/B. Meinunger |
Agnus Dei | Messe „Soleil des Nations“ | M. Danzin |
Kommioun | Ich bin hier, Herr (Here I am Lord) | D. L. Schutte/ A. und W. Klaiber |
Schlusslidd | Nous avons vu | M. Scouarec-J. Akepsimas |
Sortie | Fugue in a-moll | J. C. Simon |