lb fr pt en
Katechees . Catéchèse  
15. November 2017

Wéi kënne mer d’Mënschen waakreg maachen fir Gott?

Ronderëm d’Kateches an der Par / Réckbléck op de Begéinungsdag vun de Fraen a Formatiounsdag

Duerch d’Trennung vu Kierch a Staat krute mer e Schubs an d’Onofhängegkeet an an d’Responsabilitéit. Et geet net em e Verlagere vum Reliounsunterrecht aus der Schoul an d’Par, et geet em en Ëmdenken: mir all, Elteren a Grousselteren, Membre vun eise klengen a grousse Gemeinschafte, sinn niewent de Katechetinnen a Katecheten, nieft Gott sengem ’Buedempersonal’, Zeie vun eisem Glawen.

D’Madame Catherine Chevalier, Theologin a Formatrice aus dem Brabant wallon, huet vun dräi fundamentalen Ännerunge geschwat. Fir d’éischt déi vum Mënsch: wéi kënne mer an engem Land, wou d’Relioun fréier zuer Traditioun gehéiert huet, d’Mënschen waakreg maachen fir Gott an de revolutionäre Message vu Jesus Christus? Wéi kënne mer aus enger Glawensvermëttelung, déi laang Zäit vu Professionelle gemaach gouf, nees eng Kultur vu kierchleche Benevollen ginn?

Déi zweet fundamental Ännerung ass d’historesch Evolutioun vun der chrëschtlecher Kierch, aus der Basisgemeinschaft vum Ufank bei d’Staatskierch mat enger strenger Hierarchie wou de Clergé d’Vollek mat Gott verbonnen huet; iwwert Joerhonnerten huet deen Ecran weiderbestanen huet bis déi kierchlech Wandlung vum 2. Vatikanesche Konzil koum an d’Plaz vun de Chrëschten all an hirer Gemeinschaft nei betount gouf.

Zeegnis vun engem perséinleche Glawen

A schliisslech déi drëtt fundamental Ännerung, déi vun der ’Kateches’: vum Vermëttlen vu Glawensinhalter komme mer elo méi bei en Zeegnis vun engem perséinleche Glawen. Et ass eng ’catéchèse initiatique’, e Wee souwuel fir déi, un déi se sech riicht wéi fir déi, déi se maachen, an dat en vue vun engem Glawen dee mer bekennen, am Gottesdéngscht zesumme feieren, dee mer bieden an dee mer praktesch liewen.

An der Table-ronde - ënnert der Leedung vun der Madame Agnès Rausch - hu Responsabeler vun der Kateches, den Här Leo Wagener, d’Madame Christiane Kremer-Hoffmann an den Här Patrick de Rond, grad esou wéi Leit vum Terrain, d’Madame Fernanda Arantes vun der portugisescher Pastoral an d’Madame Nicole Schuller vun der Par Kordall, gewise, wou fir si d’Freeden an d’Schwieregkeeten, d’Irweeër an d’Hoffnungszeechen vun där neier Kateches sinn.

Nom Iesse war e ’Maart vu Méiglechkeeten’ wou verschidden Organisatioune sech virgestallt hunn a wou ee sech mat Material fir d’Kateches doheem an an der Par andecke konnt.

Vun zwou bis véier Auer waren Atelieren, déi vu Partage d’évangile (Kateches am klenge Krees, mat biblesche Figuren) bis d’Krabbelgottesdéngschter an d’Petite Pasto goungen, vun der Kateches fir d’Schoulkanner iwwert ’Mat Jonke gleewen’, bis d’Kateches fir d’ganz Par. Den Här Äerzbëschof koum eis Moie soen a seng Offenheet fir deen neie Prozess an eiser Kierch weisen. An um Schluss si mer nees zréck an eis Gemeinschafte gaangen mam Encouragement: Gott säi Wuert gëtt eis Liewen.

Den Dag war och fir Francophonen op: wat op Lëtzebuergesch geschwat gouf huet d’Madame Gaby Frantzen-Heger iwwersat.

Esou e Begéinungsdag lieft vun deene ville kompetenten, offenen an engagéierte Fraen déi Lëtzebuerg a senger Kierch huet. Kee Jéimeren a Kloen, ma Vertrauen, Freed a Loscht fir Zukunft, dat war de Grondtoun vum Begéinungsdag.

Maggy Dockendorf

Fotos

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu