lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Weiler zum Tur iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, de 15. Abrëll, um 9 Auer aus der Kierch vu Weiler zum Tur iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Weiler zum Tuerm / Haassel huet ënnert der Leedung vum Horatiu Dragan gesongen, op der Uergel huet d’Simone Appelbaum-Goebel begleet.
Chorale Sainte Cécile Weiler zum Tuerm / Haassel
De gemëschte Chouer Weiler & Haassel huet 1969 no 79 Joer d’Nofolleg vum fréiere Männergesangveräin iwwerholl. D’Zuel vun den aktive Memberen hëlt leider of, den Äifer bleift fir déi 11 Dammen a 6 Hären awer ongebrach. Nieft de besonneschen Optrëtter doheem an uechter d’Land, dréit eis Chorale an der Kierch zu Weiler zum Tur am Rhythmus vu 14 Deeg bei all de Gottesdéngschter méistëmmeg Gesäng vir; bei de Prouwen treffe mir eis mëttwochs um 19.30 Auer am Veräinshaus zu Haassel.
Fir all Kontakt: Tel. 23668675 (A. Welfring).
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Grand jeu | Guillaume Lasceux |
---|---|---|
Agangslidd | Criez la joyeuse Nouvelle | Charles Singer / Michel Wackenheim |
Kyrie | Kyrie Eleison - Messe de l’Emmanuel | M. Wittal |
Gloria | Au plus haut du ciel - Messe Ste Cécile | |
Alleluja | Herr, deine Güte reicht so weit | August Eduard Grell |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Regarde l’étoile | C. Blanchard |
Sanctus | Sanctus - Messe de l’Emmanuel | M. Wittal |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agnus Dei - Messe de l’Emmanuel | M. Wittal |
Kommuniounslidd | A Gospel Song of Peace | Sally K. Albrecht |
Schlusslidd | Esprit de lumière | L. Pavageau |
Sortie: Uergel | Sortie | Louis Lefébure-Wely |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Weiler zum Tuerm / Haassel
Dirigent: Horatiu Dragan
Organistin: Simone Appelbaum-Goebel