lb fr pt en
Handelen . Agir  
27. März 2017

1010 Euro am Kader vum Relais pour la vie fir de gudden Zweck gesammelt

Merci alle Leefer an Donateuren! Fotoimpressiounen vun der Participatioun vun der katoulescher Kierch beim Relais pour la vie

Fir déi drëtte Kéier huet d’kathoulesch Kierch nees beim Relais pour la vie vun der Fondation Cancer an der Coque matgemaach. Insgesamt si bei dëser Geleeënheet 1010 Euro erakomm (400 Euro u Startgelder a 610 Euro un Donën), déi un d’Fondation Cancer ginn. Mir soen alle Matleefer an Donateure villmools merci fir hir Contributioun an hiren Engagement!

Nodeems mir 2015 Joer fir d’éischte Kéier mat engem Classic Team mat un der Spëtzt dem Här Äerzbëschof un de Start gaange waren, hu mir 2016 mat engem Master Team (24 Stonnen, vun e Samschden Owend 20 Auer bis e Sonnden Owend 20 Auer) deelgeholl. Och 2017 ware mir de Weekend vum 1. an 2. Abrëll nees mat engem Master Team mat derbäi. Offizielle Vertrieder vum Här Äerzbëschof war dëst Joer de Chanoine Georges Hellinghausen. Wéi all déi aner Equipen och, wollte mir eis nees fir dës ganz wichteg Cause a Beweegung setzen an e sportlecht Zeeche vun Hoffnung a Solidaritéit setzen.

D’Equipe vun der Kierch (an der Reiefollech vum Relais):

Gérard Kieffer, Annette Kieffer, Roger Nilles, Nicole Pierrard, Uwe Frantzen a Firmjugendlecher vu Péiteng, Cindy Fuhr, Christian Becker, Christian Lekl, Ricardo Esteves, Patrick Roeder, Miguel Ferreira, Flabio Esteves, Lynn Jungblut, Dani Mackel, Jean-Louis Zeien, Sœur Perpétua, Sœur Maria José, Raymond Goedert, Marianne Goedert, Brigitte Wies, Marc Wagener, Sandro Sandini, Jutta Filot, Jeff Filot, Nadège Filot, Edwige Filot, Françis Helm, Gaby Klein, Leo Wagener, Sœur Dorothe-Maria, Marie-Josée Frank, Sœur de Matara, Christian Descoups, Dany Hess, Michele Camposeo, Isabella Camposeo, Elisabeth Werner.

Méi iwwer de Relais pour la vie op: www.relaispourlavie.lu

D’Kierch beim Relais 2016

D’Kierch beim Relais 2015

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu