lb fr pt en
Sonndesmass  
3. November 2022

D’Mass um 32. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Stadbriedemes iwwerdroen

De 6. November gouf d’Sonndesmass vu Stadtbriedemes iwwerdroen. Et sangen d’Chorales réunies Greiweldeng-Stadtbriedemes. Dirigentin ass d’Isabelle Hall, Organist ass de Mike Greiveldinger. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorales réunies Greiweldeng-Stadtbriedemes

Am Joar 1979, also, viru méi wéi 40 Joar hunn d’Choralle vu Greiweldeng a vu Stadbriedemes decidéiert, fir zesummen ze sangen.

Mir sangen all Woch d’Sonndesmass a verschéinere mat grousser Motivatioun och all aner reliéis Feieren.

Dëse Sonndeg ass fir éis besonnesch, well:

 Mir sangen no enger Rei Joaren nees d’Radios- respektiv d’Tëleesmass.

 Mir feieren an dëser Mass vum 6. November Erntedank.

 Dës Mass gehéiert zu enger Rei vu Festivitéiten, déi d’Kërchefabrek dëst Joar am Kader vun „175 Joar Wei vun der Kërrech Stadbriedemes“ op d’Bee gestallt huet.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Vorspiel
Agangslidd Venez, chantons, c’est la fête C. et J.-N. Klinguer
Kyrie Messe Soleil des nations M. Dazin
Gloria Sur la terre et dans les cieux
Alleluja Alleluia LD 204
Offertoire Seigneur, voici le pain qu’ensemble nous offrons J.P. Schmit
Sanctus Saint, saint, saint, le Seigneur P. Daniel
Agnus Dei Op d‘Melodie „Wer nur den lieben Gott lässt walten“
Kommioun Table dressée sur nos chemins B. Gschwind; 
M. Wackenheimer
Schlusslidd Ich lobe meinen Gott C. Fraysse
Sortie

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu