lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 12. Mäerz gouf vu Mäertert iwwerdroen
Den 12. Mäerz um 3. Faaschtesonndeg gouf d’Sonndesmass vu Mäertert iwwerdroen. Et huet d’Chorale Mixte Ste-Cécile Mertert gesong, Dirigentin war d’Albena Petrovic, Organist den Emile Hau. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Mixte Ste-Cécile Mertert
De Gesangveräin « Chorale Mixte Ste Cécile Mertert » ass den 11. September 1970 gegrënnt ginn, wéi den « Cäcilienveräin » an de Kierchechouer, allen zwee Männerchéier, fusionéiert hun.
Wor de Gesang bis dato de Männer virbehale, sou konnten vun elo un och Fraen dem nei gegrënnte Veräin bäitrieden.
Mat onsem stëmmege Gesang an mat Freed gi mir de kierchleche Fester dee richtege Klang. Spirituell a weltlech Concerten stinn all Joer bäi ons um Programm. Eng Traditioun ass all Joer onsen Concert am Advent.
Wien Spaas um Gesank an Gesellegkeet huet ass bäi ons häerzlech wëllkomm.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Improvisation sur le chant d‘entrée | Emile Hau |
---|---|---|
Agangslidd | Christ aujourd’hui nous appelle | Michel Wackenheim |
Kyrie | Messe de l’Abbaye | Arr. René Ponchelet |
Tëschegsank | Changez vos coeurs | Jean-Paul Lécot |
Gowelidd | Meine Zeit steht in Deinen Händen | Peter Strauch |
Sanctus | Messe de l’Abbaye | Arr. René Ponchelet |
Agnus Dei | Dona nobis pacem (canon) | Wolfgang Amadeus Mozart |
Kommioun | Für mich gingst Du nach Golgatha | Margret Birkenfeld |
Schlusslidd | Victoire | David Julien |
Sortie | Fantaisie: Nun danket alle Gott | Jan Mulder |