lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Iewerleng iwwerdroen
Dëse Sonndeg live um 9 Auer a Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um éischten Advent, den 1. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vun Iewerleng iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile aus der Gemeng Useldeng huet ënnert der Leedung vum Fernand Even gesongen, op der Uergel huet de Carlo Philippe begleet.
Chorale Ste Cécile aus der Gemeng Useldeng
D’Chorale Ste Cécile aus der Gemeng Useldeng ass am Dezember 2015 gegrënnt ginn a setzt sech aus 28 aktive Membere vun de fréiere Chorallen Useldeng, Iewerleng, Rippweiler a Schandel, dem Organist Carlo Philippe an dem Dirigent Fernand Even zesummen. Fir eis Programmen anzeprouwen hu mir emol d’Woch (freides) an eisem Proufsall an der aler Schoul zu Iewerleng eng Prouf. Am Prinzip hu mir e puer Dingschter pro Mount an eiser Gemeng, déi vum Här Paschtouer, dem Mathieu Janssen, zelebréiert ginn. Am Kader vun de Feierlechkeeten 250 Joer Iewerlenger Kierch sange mir dëse Sonndeg d’Radiosmass. Eis Haaptaktivitéiten bestinn aus der gesanglecher Gestaltung vun de Sonndes-, Feierdags-, Houchzäits-, Begriefnismassen an deene véier Dierfer vun eiser Gemeng sou wéi och fir weltlech Manifestatiounen ze verschéineren.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Préambule Op.31 - 1 | Louis Vierne |
---|---|---|
Agangslidd | O Heiland reiss die Himmel auf | T: Friedrich Spee |
Seene vum Adventskranz | Wir sagen euch an | M: Heinrich Rohr, T: Maria Ferschl |
Kyrie | Tau aus Himmelshöhn | M: Heinrich Rohr, T: Maria Luise Thurmair |
No der Liesung | Warten auf Gottes Sohn | M: Albert Hammond, T: Burkhard Fuchs |
Alleluja | Alléluia | W.M. Mozart |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Venez divin messie | M: Air traditionnel français, T: P. Rogouet, P. Barjon |
Sanctus | Heilig, heilig, heilig ist der Herr | Kevin Mayhew Ltd |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Unfriede herrscht auf der Erde | M: Z. Jasnota, T: D. Zils |
Kommunioun: Uergel | ||
Kommuniounslidd | Aube nouvelle | M: Jo Akepsimas, T: Michel Scouarnec |
Schlusslidd | Peuples qui marchez | M: Jo Akepsimas, T: Michel Scouarnec |
Sortie: Uergel | Choral “Wachet auf, ruft uns die Stimme” LV 55 | Johann Gottfried Walther |
Chouer: Chorale Ste Cécile aus der Gemeng Useldeng
Dirigent: Fernand Even
Organist: Carlo Philippe
- D’Mass um 20. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Kierchen iwwerdroen
- D’Sonndesmass gëtt vun Aasselbuer iwwerdroen
- D’Sondesmass um 1. Faaschtesonndeg gouf vun Dikrich iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
- D’Mass um 11. Sonndeg am Joreskrees gouf den 13. Juni vu Berdorf iwwerdroen