lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
13. Juli 2023
D’Mass um 15. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Biekerech iwwerdroen
De 16. Juli gouf d’Sonndesmass vu Biekerech iwwerdroen. Et huet d’Chorale Réunie Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul gesong, Dirigent war de Fernand Scheller, op der Uergel begleet huet d’Tamara Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Réunie Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul
D’Chorale Réunie Biekerech – Rippweiler – Schweecherdaul séngt d’Tëleesmass vum 16.07.2023 zu Biekerech ënnert der Direktioun vum Här Fernand Scheller. Organistin ass d’Madamm Tamara Rosselet. D’Chorale Réunie gouf schonn 2001 an d’Liewe geruff vum Albert Brauch, deen äis 2021 allze fréi verlooss huet.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Concerto en ré BWV 596 | Johann Sebastian Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Morning has broken | Lorenz Maierhofer |
Kyrie | Messe Solennelle Fernand Jung | Fernand Jung |
Gloria | Sur la terre et dans les cieux | Jo Akepsimas |
Alleluja | Alleluja, ton appel | Jo Akepsimas |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Brot und Wein | Klaus Heizmann |
Sanctus | Messe Solennelle Fernand Jung | Fernand Jung |
Anamnes | Messe Solennelle Fernand Jung | Fernand Jung |
Agnus Dei | Messe Solennelle Fernand Jung | Fernand Jung |
Kommiounslidd | Mach mich würdig | Lorenz Maierhofer |
Schlusslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | Joseph Mohr |
Uergel: Sortie | Leschte Satz vum Concerto en ré BWV 596 | Johann Sebastian Bach |
Kuckt och . Voir aussi
Info
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique
- D’Mass um 4. Adventssonndeg gouf vu Reisduerf iwwerdroen
- D’Sonndesmass um 7. Sonndeg an der Ouschterzäit gouf vun Uespelt iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Ettelbréck iwwerdroen
- D’Mass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf de 27. Juni vun Habscht iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun Iechternach iwwerdroen (08.11.2020)