Skip to main content Skip to page footer

Dat Gutt, wat eis méiglech ass

Kommentar zum 3. Adventssonndeg vum Gérard Kieffer (15.12.2024)

Läschte Sonndeg, fir den 2. Advent, hu mir am Evangelium héieren, dass mir dem Här säi Wee prett solle maachen, d’Pied grued an all Schlucht opfëllen an all Bierg an Hiwwel ofdroe sollen.

Wat heescht dat dann elo konkret?

De Lukas gëtt am Evangelium zum 3. Advent ganz konkret Iddien.

Et soll een déi eege Positioun net zum eegene Virdeel an op Käschte vun deenen aneren ausnotzen, déi Muecht, déi ech vun anere kritt hunn, net mëssbrauchen. An do, wou Nout ass, hëllefen. Hei gëtt déi fir d’éischt abstrakt Fuerderung, dem Här säi Wee prett ze maachen, ganz konkret an d’Liewenssituatioun vun de Nolauschterer iwwerdroen.

Vun der Theorie an d’Praxis - an da gëtt et onbequeem. Dobäi sinn d’Fuerderunge vum Johannes dem Deefer guer net ethesch iwwerdriwwen. Et kënnt een se och iwwersetzen: « Lieft anstänneg a net op Käschte vun aneren. »

Awer grad esou, bal banal Uspréch, hunn et a sech. Si setzen nämlech e Wiessel an eiser Perspektiv viraus: Versetz dech an d’Haut vun deem, deen d’Auswierkunge vun dengem Handelen ze spiere kritt.

Als Chef an engem Betrib: verlaang net méi vun de Mataarbechter/innen, wéi dat, wat ofgemaach gi war. Als Client (villäicht grad elo viru Chrëschtdag an de Geschäfter): behandelt d’Verkeefer/innen net, wéi wann si Sklave wären. Als Enseignant/e: Fuerder d’Schüler/innen, awer iwwerfuerder se net.

A nach méi konkret: Do, wou ee fréiert, gëff him Kleedung. Wou een héngert, gëff him ze iessen. Et geet ëm konkret gelieften Gerechtegkeet.

Mir hunn den 10. Dezember de Weltdag vun de Mënscherechter gefeiert - naja, wuel manner gefeiert, wéi drun erënnert, dass hei nach ganz vill Loft no uewen ass. Gedenkdeeg sinn Deeg, wou mir am beschte Fall drun erënnert ginn, dass et un eis am Alldag läit, wa Saachen sech sollen änneren a fir méiglechst vill Leit verbesseren.

Maacht, wann dir kënnt! Dat kléngt moderat. De Johannes den Deefer iwwerfuerdert domat keen. E weist op Grondreegelen vun Anstand a Recht hin. Deen, dee wëll, kann sech drun halen. Esou gëtt de Johannes zum Weeweiser fir d'Chrëschtdags-Freed. Well ëmmer, wa mir dat Gutt, wat eis méiglech ass, maachen - och wann et fir eis banal schéngt - ass et fir deen, un deen eise Geste sech riicht, e Stéck Freed.

Mir sollten eis och bewosst bleiwen, dass mir eisen Deel sollte maachen, dass awer déi wierklech Erléisung net duerch mënschlech Ustrengungen eleng an d’Welt kënnt.

Chrëschtdag feiere mir, dass Freed an Erléisung Geschenker sinn. Si komme bei eis duerch een, dee méi staark ass wéi mir a méi grouss, wéi eis Leeschtungen an Defiziter.

« Wat solle mir maachen? » - Mir sollen trei an daper dat Gutt maachen, dat eis méiglech ass, och wann et ëmmer ze wéineg ass oder schéngt.

Virun allem awer solle mir an dësen Deeg deem méi Groussen d’Dieren an d’Parten opmaachen. Hien wëll mat senge Geschenker bei eis kommen an eis kéngsten Erwaardungen iwwertreffen.

Och an dëser Rubrik

"Gebt ihr ihnen zu essen" - Diakonie und Eucharistie

Der Geist der Hoffnung - die Formel Gottes

Päischten – d'Fest vun der Befreiung aus all Diktatur

Lisa F. Oesterheld: Im Gotteshaus der Poesie. Gedanken, Gedichte, Gebete