Invitatioun fir den „Te Deum“ an der Kathedral
De Kardinol Jean-Claude Hollerich invitéiert fir um feierlechen "Te Deum" an der Kathedral deelzehuelen.
Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc invitéiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, d’Populatioun, um feierlechen „Te Deum“ an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mam Land a sengem Staatschef ausdrécken. Als gleeweg Mënsche wëlle mir fir eise Grand-Duc, all politesch Responsabel a fir d’Wuel vun eisem Land bieden. De Gottesdéngscht, dee mat engem multireliéise Gebiet ageleet gëtt, ass op Nationalfeierdag, dënschdes, den 23. Juni 2026, um 16.30 Auer.
Aus organisatoresche Grënn gëtt gebieden, tëscht 15.30 a spéitstens 16.00 Auer an der Kathedral Plaz ze huelen. D’Entrée fir de Public ass dëst Joer nëmme via den Agang Boulevard Roosevelt.
Matgedeelt vum äerzbëschoflechen Ordinariat
Merci, datt dir dësen Artikel gelies hutt. Falls dir wëllt iwwert d'Aktualitéite vun der Kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg informéiert bleiwen, dann abonnéiert Iech fir d'Cathol-News, den Newsletter, deen all Donneschdeg erauskënnt, andeems dir hei klickt.
Highlights
-
Willkommen auf dem neuen Internetauftritt des Diözesanarchivs!
Auf seinem neuen Internetauftritt präsentiert das Diözesanarchiv die Gesamtheit seiner Findmittel und ermöglicht den freien Zugang zu mehr als 300.000…
-
Rencontre du Conseil des Jeunes
À la maison épiscopale, prière, partage et projets autour du cardinal Jean-Claude Hollerich.
-
« La Bible doit être lue avec les lunettes de l’Évangile de Jésus »
TheoBar exceptionnel à la maison épiscopale, avec le père Armel Otabela.
-
D’Mass vum 12. Juli gëtt vu Réiser iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien