fr lb pt en
 
1. Februar 2017

„Café Solid-éc“: Oppen Dieren fir e solidarescht Nolauschteren

Februar-Juli 2017: Reech eng Hand am Parverband Steesel-Walfer

Déi lokale Antenne vum Projet „Reech eng Hand“ am Parverband Steesel-Walfer invitéiert all interesséiert Mënschen fir e Mol de Mount dënschdes vu 15 bis 17 Auer an d’Steeseler Parheem (3, rue Paul Eyschen, L-7317 Steinsel). Nächst Treffen: 7. Februar, 7. Mäerz, 4. Abrëll, 2. Mee, 13. Juni a 4. Juli 2017.

Et kann en einfach just eng Taass Kaffi, Téi oder e Stéck Kuch iesse kommen. Jiddereen huet awer och d’Méiglechkeet mat de Memberen vum Grupp zwanglos an d’Gespréich ze kommen. All Kommunikatioun ënnerläit der Diskretioun an der Anonymitéit. Dobäi stinn den Austosch an d’Nolauschteren am Zentrum. Dës Offer riicht sëch u jiddereen, deen op der Sich no Kontakt a Gespréicher an enger frëndlecher, acceuillanter a solidarescher Ambiance ass.

Méi Informatiounen ginn et beim Pastoralreferent Karsten Steil-Wilke, Tel. 26334024 oder per Mail: karstensteil gmx.net.

(ksw)

 
A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .    Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu