fr lb pt en
 
12. Abrëll 2017

Maacht mat bei Login@OKTAV!

Mellt Iech elo un fir de Familljerallye zum Optakt vun der Oktav e Samschdeg, de 6. Mee 2017

Um Erëffnungsdag vun der Oktav sinn all Familljen (Kanner mat hiren Elteren, Grousselteren, Pätter a Giedel…) häerzlech invitéiert op e FamilljeRallye op de Spure vun Zäitzeien.

An engem Parcours vu 4 Statiounen (vun der Glaciskapell bei d’Kathedral) gëtt d’Geschicht vun dësem geschichtsträchtege Pilgerritual historesch, zäitgenësseg a spirituell, dem Public vun de Familljen entspriechend, verdéift. Um Pilgerwee begleeden äis Symboler.

Wéini? Samschdeg, de 6. Mee 2016 vu 14 bis 17 Auer

Wou? Glaciskapell, Lëtzebuerg

Informatiounen a Renseignementer:
Service de la Pastorale
Patrick de Rond
Tel.: 462023-44, Email: patrick.derond cathol.lu

 
A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .    Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu