lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Bäerdref iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 2. Abrëll aus der Kierch vu Bäerdref iwwerdroen. D’Kommuniounskanner vu Bech, Hemstal, Berdorf, Befort a Consdorf hunn ënnert der Leedung vum Josiane Mirkes gesongen. Begleet gi goufe si vun Alphonse Steinmetz (Organist), Libby Kramer (Keyboard), Tanja Konsbrück (Blockflütt) an Tom Osborne (Gitarre).
Méi wéi 50 Kommuniounskanner vu Bech, Hemstal, Berdorf, Befort a Consdorf freeë sech, fir d’Mass fir Iech ze sangen a mat Iech alleguer ze biëden an ze feieren. Si hu schonn en Deel vun de Lidder fir hier Kommuniounsfeiere virbereet. Si hu Freed bäim Sangen, dës Freed wëlle si mat Iech all deelen. Si sinn um Wee, fir dem Jesus méi no ze kommen an enger flotter Gemeinschaft déi iwwer vill Dierfer ewech nei Frëndschaften ënner de Kanner an den Elteren entstoë gelooss huet. Léif Leit, loost Iech beschenke vun de Kanner.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Improvisatioun zur Faaschtenzäit | |
---|---|---|
Agankslidd | Mach dich auf, denn Gott will dir begegnen | Kathi Stimmer-Salzeder |
Kyrie | Kyrie, kyrie, Herr, erbarme dich | |
Zwëschegesank | Gottes Wort ist wie Licht in der Nacht | nach Psalm 119,105; T: H.H. Bittger; M: Joseph Jacobsen |
Nom Evangelium | Gib uns helfende Hände | Reinhard Horn |
Gowebereedung | Lebendiges Wort | zu Joh 1,1-14; Kathi Stimmer-Salzeder |
Sanctus | Gott ist heilig | Kanon nach einer bekannten Melodie |
No der Wandlung | Il est vivant | Noël Colombier |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Der gute Gott schenkt Frieden | Reinhard Horn |
Kommioun | Improvisatioun op der Uergel | |
No der Kommioun | Sing and pray | Arno Backhaus |
Schlusslidd | Danke für diesen guten Morgen | Martin Gotthard Schneider |
Uergel: Sortie | Improvisatiun zum Schlusslidd an zur Faaschtenzäit |
Et sangen d’Kommuniounskanner vu Bech, Hemstal, Berdorf, Befort a Consdorf
Dirigentin: Josiane Mirkes
Organist: Alphonse Steinmetz
Keyboard: Libby Kramer
Blockflütt: Tanja Konsbrück
Gitarre: Tom Osborne