lb | fr | pt | en | de |
Den Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“ huet dem Här Äerzbëschof dat neit Markus-Evangelium iwwerreecht
Nom Matthäus-, Johannes- a Markus-Evangelium kënnt 2019 och d’Lukas-Evangelium op de Bichermaart / Erléis vum Verkaf fir d’Fondation Sainte-Irmine
Um Dënschdeg Nomëtteg huet den Abbé Claude Bache am Numm vum Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“ dem Här Äerzbëschof offiziell dat neit Markus-Evangelium op Lëtzebuergesch am Bëschofshaus iwwerreecht. - Am Iwwersetzergupp sinn Claude Bache, Françoise Biver-Pettinger, Jeannot Gillen a Carine Hensgen.
Knapp aacht Méint, nodeems fir d’Oktav 2018 d’Matthäus- an d’Johannes-Evangelium als Täschebicher erauskomm sinn, ass deemno elo och D’Evangelium nom Markus um Bichermaart ze kréien. Bei der Iwwerreechung mat derbäi war ë. a. och d’Mme Gilberte Bodson, déi sech am Service Communication et Presse vum Bistum, zoustänneg fir den Drock, ëm d’Mise-en-pages vun de Bicher këmmert.
Den Abbé Claude Bache ass a senger kuerzer Usprooch op di laang Genèse vum ganze Projet, dee viru 26 Joer - am Advent 1992 - ugefaangen a mam Evangeliar 2009 en éischten Héichpunkt kannt huet, agaangen an huet un Hand vun eenzele Versen op d’Schwieregkeete vun enger geneeër Iwwersetzung aus dem Griicheschen higewisen.
Den Här Äerzbëschof huet dem Aarbechtsgrupp e grousse Merci ausgeschwat fir dës laangjäreg wäertvoll Aarbecht, déi der Pastoral e groussen Déngscht leescht an och fir d’Lëtzebuerger Sprooch wichteg ass, a sech erfreet gewisen, datt 2019 och de Lukas-Text op Lëtzebuergesch erauskomme wäert.
Bei dëser Geleeënheet gouf och e Scheck vun 350 Euro zu Gonschte vum Fonds d’avenir vun der Kierch un d’Vertrieder vun der Fondation Sainte-Irmine, di Häre Christian Descoups an Antoine Wagner, iwwerreecht; et ass dëst den Nettoerléis vum Verkaf bis elo vun den éischten zwee Evangelien op Lëtzebuergesch.
D’Markus-Evangelium kann ee (wéi d’Mt- an d’Joh-Evangelium) kréie fir 7 Euro am Service Communication et Presse vum Bistum (Tel. 44743-401, com cathol.lu) an am Online-Handel (geschwënn och als E-Book disponibel - Präis: 5,49 Euro). Den Erléis ass op en Neits fir d’Fondation Sainte-Irmine.
- Aktivitéiten 2014 . Activités 2014
- Aktivitéiten 2021 . Activités 2021
- Aktivitéiten 2019 . Activités 2019
- Aktivitéiten 2015 . Activités 2015
- Aktivitéiten 2022 . Activités 2022
- Aus dem Glauben heraus in die Welt hinein
- De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet seng Titelkierch zu Roum a Besëtz geholl
- Pope Francis offers blessings to COMECE and CEC on their anniversaries
- Freundschaftliches Treffen der Diözesen Trier und Luxemburg
- « Un pauvre crie, le Seigneur entend » (Ps 33,7)
- Mgr Jean-Claude Hollerich a présidé à l’« admissio » de deux séminaristes
- Aufschrei der Natur und der Menschen im Amazonas: ein Staudamm wird zum Albtraum
- Große Verdienste der beiden Liturgiker gewürdigt