| lb | fr | pt | en |
“Mam Grand-Duc Jean verléiert Lëtzebuerg e Mënsch, dee sech e Liewe laang ganz an den Déngscht vun eiser Heemecht gestallt huet”
Reaktioun vum Här Äerzbëschof op den Doud vu S.A.R. dem Grand-Duc Jean
A mengem eegenen Numm an am Numm vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg wëll ech der groussherzoglecher Famill an dësem schwéiere Moment eis déifst, chrëschtlecht Matgefill ausdrécken. S.A.R. de Grand-Duc Jean war e Staatschef, dee sech besonnesch duerch seng mënschlech Qualitéiten ausgezeechent huet an dee sech der Verantwortung vu sengem héijen Amt bewosst war. Enk verbonne mat dem Vollek huet hie sech a sengem Handele vun héije Wäerter leede gelooss an och op d’Hëllef vu Gott vertraut. Mam Grand-Duc Jean verléiert Lëtzebuerg e Mënsch, dee sech e Liewe laang ganz an den Déngscht vun eiser Heemecht gestallt huet. Mat déiwem Respekt a grousser Dankbarkeet soe mir him „Au revoir, Monseigneur !“
+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
- Aktivitéiten 2018 . Activités 2018
- Aktivitéiten 2016 . Activités 2016
- Aktivitéiten 2017 . Activités 2017
- Aktivitéiten 2021 . Activités 2021
- Aktivitéiten 2020 . Activités 2020
- De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet seng Titelkierch zu Roum a Besëtz geholl
- Pope Francis offers blessings to COMECE and CEC on their anniversaries


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr