lb | fr | pt | en |
Finis vitae, sed non amoris
D’Mass fir déi verstuerwen Bëscheef, Chanoinen, Priister an Diakonen
A Presenz vum Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich, vum Weibëschof Leo Wagener, dem Generalvikar Patrick Muller an de Memberen vum Doumkapitel hunn déi versammelt Gleeweg de verstuerwene Geeschtlech vum läschte Joer geduecht.
“Déi onendlech Léift vum Herrgott soll eis verstuerwe Geeschtlech ëmginn. Seng Barmhäerzegkeet, d’Léift a sengem Geträips (wéi et am Hebräeschen heescht) soll hinnen e neit Liewen a vollkommenem Gléck erméiglechen.”
A senger Priedegt huet den Doumpropst Georges Hellinghausen, deen der Mass virgestan huet, och un de Napoléon, dee virun 200 Joer gestuerwen ass, a säin Vermiechtnes fir Lëtzebuerg erënnert.
Zum Enn vun der Mass, déi gesanglech vum Dirigent vun der Maîtrise Marc Dostert an dem Doumorganist Paul Breisch begleet gouf, huet den Äerzbëschof d’Griewer vun de verstuerwene Bëscheef geseent.
- Mgr Hollerich salue la contribution des communautés de migrants et demande un « esprit de service ».
- Finis vitae, sed non amoris
- Impulse zur Evangelisierung und zur pastoralen Innovation
- Pontifikalmass op Nationalfeierdag mat Seminariste vu Paräis
- Cardeal Hollerich preside à peregrinação anual dos acólitos portugueses em Fátima