lb | fr | pt | en |
2. Adventssonndeg B
Mk 1,1-8
1 Ufank vum Evangelium vum Jesus Christus, dem Herrgott sengem Jong.
2 Esou wéi beim Prophéit Isaias geschriwwe steet: – Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier: Hie bereet däi Wee vir.
3 Eng Stëmm rifft an der Wüüst: Maacht dem Här säi Wee prett, maacht seng Pied grued! –
4 esou ass de Johannes den Deefer an der Wüüst opgetratt, an hien huet eng Daf vun der Ëmkéier verkënnegt, fir datt d’Sënnen nogelooss géifen.
5 D’ganzt Land Judäa an och all d’Awunner vu Jerusalem hunn sech op de Wee gemaach a si bei hie gaang; si hunn sech vun him am Jordan deefe gelooss, an dobäi hunn si hir Sënnen agestan.
6 De Johannes hat e Kaméilspelz un an e lieder Rimm ëm d’Hëffen, an hien huet vun Heesprénger a wëllem Hunneg gelieft.
7 Hien huet verkënnegt: "No mir kënnt een, dee méi staark ass wéi ech; ech sinn et net wäert, mech ze bécken an d’Stréckele vun senge Sandale lasszemaachen.
8 Ech hunn iech mat Waasser gedeeft, hien awer deeft iech mat hellegem Geescht."