lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Schëtter iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, de 25. November, um 9 Auer aus der Kierch vu Schëtter iwwerdroen. De Schëtter Gesank huet ënnert der Leedung vum Marianne Hengel gesongen, op der Uergel huet de Jean Schumacher begleet.
De Schëtter Gesank
D’Chorale Schuttrange – Schëtter Gesank ass am Joer 1863 als Männerchouer gegrënnt ginn. Honnert Joer méi spéit, am Joer 1963, ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn. An denen iwwert 150 Joer hat d’Chorale véierzeng Presidenten, awer nëmme véier Dirigenten. Ënnert hinne sief besonnesch den Henri Rodesch genannt, deen de Chouer 47 Joer lang gefouert huet. Haut besteet d’Chorale aus 24 aktive Memberen. Dirigentin ass d’Marianne Hengel. Mat eisem Gesank verschéinere mir souwuel weltlech wéi och kierchlech Fester. Wa mir och haaptsächlech e weltleche Chouer sinn, sou triede mir awer och gären bei kierleche Fester a Feieren an der Schëtter Péiterskierch op. Fir dass mir nach laang kënnen esou sange wéi bis elo, brauche mir nei Sängerinnen a Sänger. Wéi vill aner Veräiner brauch och de Schëtter Gesank Verstäerkung an den eenzelne Stëmmen (Sopran, Alt, Tenor, Bass), fir dozou bäizedroen, d’Gesangskultur aktiv ze stärken zur Freed vun alle Bierger.
D’Prouwen, ënner der Direktioun vun der Madame Marianne Hengel fannen am Proufsall op 167, rue Principale zu L-5366 Mënsbech all Dënschdeg vun 20 bis 22 Auer statt!
D’Kontaktadresse sinn: Guy Jourdain, President: Tel. 621-140775, E-mail: guyjourdain12@gmail.com a Michèle Nuss, Sekretärin: E-mail: michelenuss@education.lu.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Voluntary and Fugue | G.F. Händel |
---|---|---|
Agangslidd | Preis und Anbetung | Norbert Feibel |
Kyrie | Missa brevis | Joachim Simon Mayer |
Gloria | Gloire à Dieu dans le ciel | D. Rimaud / J. Berthier |
Zwëschegesank | Le Seigneur est mon berger (refrain) | |
Alleluja | Alléluia, bonne nouvelle | B. Gschwind / M. Wackenheim |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Dans la maison qui nous rassemble | Cl. Bernard / M. Wackenheim |
Sanctus | Missa brevis | Joachim Simon Mayer |
Anamnèse | Seigneur Jésus | Frère David / Marie de Bonnaventure |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa brevis | Joachim Simon Mayer |
Kommuniounslidd | Table dressée sur nos chemins | B. Gschwind / M. Wackenheim |
Schlusslidd | Caecilia, wéi héich erstrahlt | Norbert Daman / Jos Kinzé |
Sortie: Uergel | Choral-Marche | Emile Paladilhe |
Chouer: Schëtter Gesank
Dirigentin: Marianne Hengel
Organist: Jean Schumacher