lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
5. Mee 2023

De grousse Sprong

Kommentar zum 5. Ouschtersonndeg vum Martine Regenwetter (7.5.2023)

De grousse Sprong

Lo ass et och am Spidol esou wäit: mir hu kee Mask méi un. Ech mierken all Dag, wéi fundamental wichteg dee perséinleche Kontakt fir de Patient ass a wéi weesentlech et dobäi ass, datt hien eist Gesiicht gesäit an net nëmmen de Schlitz vun eisen Aen.

Dëse Wonsch no perséinlechem Kontakt fanne mir och am alen Testament, wou „Gott gesinn“ en heefege Wonsch ass. Denke mer nëmmen un de Mose (Ex 33,18-20), mee et gi vill aner Beispiller.

Et ass also net verwonnerlech, datt de Philippe seet: „Weis eis de Papp, dat geet eis duer!“ (Jn 14,8). Mee et weist an deem Moment, datt de Philippe de Jesus net verstanen huet. Dat kann eis en Trouscht sinn, wa mer selwer net matkommen. Et weist awer och, wéi grouss de Sprong tëscht dem jüddeschen an dem chrëschtleche Glawen, dem Alen an dem Neien Testament, ass. Datt d’Apostel deen enorme Sprong finalement geschafft hunn, ass fir mech schonn eleng en Zeechen, datt d’Opersteeung eng Tatsaach ass.

Am Alen Testament waren d’Judde gewinnt, Gott zouverlässeg a sengem Haus ze fannen, sief et am Zelt vun der Begéinung (Ex 33,7) oder dono am Tempel. De Jesus schwätzt beim Johannes och elo vu Wunnengen. Et ass awer hei dat selwecht Wuert (monê/menô) wéi am Joh 1,38: „Rabbi, wou wunns du?“, am Vers 8,31: „Wann dir a mengem Wuert bleift“; an a Joh 6,56: „wie mäi Fleesch ësst a mäi Blutt drénkt, dee bleift a mir, an ech bleiwen an him“. Et geet dem Jesus also net ëm eng Plaz, mee ëm eng fundamental ënner Relatioun, déi net duerch Säin oder eisen eegenen Doud ophält.

Am Alen Testament war fir d’Israelitten, déi laang Nomade waren, de Wee e Symbol. A villen Texter geet et drëm, tëscht dem Wee vum Gesetz, deen zum Liewen an zu Gott féiert, an deem anere Wee, deen zu Ongléck an Doud féiert, ze wielen. Och d’Perceptioun vum Wee ännert an dëser Episod vum Johannes wou de Jesus seet: „Ech sinn de Wee, d’Wourecht an d’Liewen“.

Am Johannes 14 weess de Jesus, datt säi schrecklechen Doud kuerz bevir steet. Am Text fanne mir dat griichescht Wuert tarássō, dat bedeit „am Häerz opgewullt sinn“. Et kënnt och vir, wéi de Jesus virum Lazarus sengem Graf steet a wéi de Judas opbrécht, fir hien ze verroden. De Jesus wëllt verhënneren, datt seng Jünger elo an Angscht ënnerginn an opginn. Dofir mécht hien Appell un hiert Häerz, wat bei de Semiten och de Sëtz vum Wëllen a vun der Entscheedung ass. Hie rifft si op ze gleewen, also sech ze entscheeden, Him ze vertrauen. Hie wëllt hinnen hëllefen, de Sprong ze woen, vun engem Ritus am Tempel, deen si als effikass empfonnt hunn, hin zu dem ënnerleche Wunnen an Him, Christus, och a grad wann Hien net méi kierperlech do ass. De Sprong och vum Gesetz, dat oft äusserlech war an zu hiren eegenen Zwecker mëssbraucht gouf, hin zum Gleewen un Seng Persoun déi zu Gott féiert.

De Péitrus huet dank der Opersteeung an dem Hellege Geescht de Sprong gewot a schwätzt vun engem liewege Steen: Jesus-Christus ass den onerschütterleche Fiels op dee mir eis verloosse kënnen. Hien ass awer net leblos a kal wéi e Steen, mee Hien ass lieweg, och am Gestalte vun Senger perséinlecher an intimer Bezéiung mat all Eenzelne vun eis.

Martine REGENWETTER
martine.regenwetter@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu