lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
17. September 2018

Dir sidd wichteg!

Bëschofswuert fir d’éischterlech Bousszäit 2018

Léif Schwësteren a Bridder,

Dir sidd wichteg! Dir sidd wichteg fir déi, déi Iech no stinn, fir Är Familljen, fir eis Gesellschaft, fir eis Kierch an, un éischter Stell, fir Gott!
An dëser Faaschtenzäit wëlle mir äis däers nees bewosst ginn, an aller Demut. Gott hëlt äis un, esou wéi mir sinn, an encouragéiert äis, no vir ze goen, mat engem frouen Häerz. Gott traut äis eppes zou a seet zu äis, wéi deemools Christus zu de Jünger: „Gitt eraus a verkënnegt d’Evangelium!“ Gott seet net: „Waart emol of a kuckt, wat geschitt… maacht léiwer emol näischt.“ Nee, Gott zielt op äis, esou wéi och mir ëmmer op Hien ziele kënnen. Loosst mir dës Virbereedungszäit op Ouschteren notzen, fir äis dësem groussen Optrag ze stellen als Chrëschten an der Welt vun haut. Wie wichteg ass, dréit Verantwortung an d’Suerg fir deen Nächsten a fir d‘Mënschen an Nout.

Dir sidd wichteg fir Äre Partner oder Partnerin, Är Famill an Är Kanner. Si brauchen Iech sou wéi och Dir si braucht. D’Famill däerf ni ze kuerz kommen, un zweeter oder drëtter Plaz stoen, hannert dem Beruff, den Hobbyen oder dem Handy. D’Famill bleift den Ecksteen vun eisem Liewen a vun eiser Gesellschaft. Fir dëst ze verdéiwen, wëll ech Iech an der Suite vum Poopst Franziskus invitéieren, fir um Weltfamilljentreffen am August an Irland deelzehuelen oder fir an den nächste Méint d’Messagë vun der Enzyklika Amoris laetitia an Ärer Por ze thematiséieren.

Dir sidd wichteg fir deen, deen Iech brauch, deen op Iech zielt, jo deen Iech säin Häerz opmécht. Loosst Iech dovunner beréieren an huelt Iech Zäit a sicht Rou, fir dëse Ruff, deen dacks lues ass, ze héieren. Frot Iech: Fir wie kann ech wichteg sinn? Wiem kann ech e Begleeder a gudden an eng Stäip a schwéieren Zäite sinn?
Kommt mir maachen d’An op a kucke rondrëm äis. Do wou Nout ass, do ass eis Plaz. Doheem, bei enger Persoun, déi eleng ass; an der Klinik, bei deem, dee schwéier krank ass oder am Flüchtlingsheem, wou Familljen en neien Ufank sichen. Fir de Kär vun der chrëschtlecher Botschaft ze fannen, si mir opgefuerdert, fir mam Poopst Franziskus a mat der Weltkierch un d’Peripherie ze goen a si an eis Mëtt ze huelen.
Mir mussen de Leit an der Wüst vun hirem Liewe begéinen a si bei d’Quell vun der Léift an der Hoffnung féieren.
An dëser Faaschtenzäit wëll ech Iech dofir och besonnesch d’Projete vum Wierk partage.lu un d’Häerz leeën, dat als Faaschtewierk vun der Kierch viru méi wéi 50 Joer ënnert der Bezeechnung „Bridderlech deelen“ gegrënnt gouf an haut op d’mannst esou néideg ass wéi deemools. Déi engagéiert Leit vu partage.lu, vu Reech eng Hand, vun der Caritas, vu Missio a vu villen aneren Hëllefswierker sinn Dénger un der Peripherie. A si brauchen eis Ënnerstëtzung, wëll hinne Mënschen uvertraut sinn, déi hir Hoffnung och an äis setzen.

Dir sidd wichteg fir Eis Kierch. Eis Äerzdiözes ass an engem Prozess vu grousse Verännerungen. Jo, dës Changementer hu méi wéi ee veronséchert, an dat ass verständlech. Villes ass haut net méi, wéi nach virun dräi Joer. Et waren ouni Zweifel haart Jore fir eis Diözes, och fir d’Bistumsleedung; et war en Aschnëtt an der lokaler Kierchegeschicht, an dach sollte mir keng Angscht hu virun deem, wat kënnt. Haut hu mir op en Neits d’Aufgab, äis als Kierch an engem verännerte Kontext nei opzestellen, mat frëschem Elan. D’Porkateches, an där ëmmerhi ronn 9.000 Kanner ageschriwwe sinn, ass eent vun de Felder, dat mir haut beakere mussen.
An der Kierch gëtt jidderee gebraucht. A wa jidderee Säint zu deem Ganze bäidréit, ass et mir ëm eis Lëtzebuerger Kierch net baang. Viraussetzung ass, datt mir d’Kierch nees méi als lieweg Gemeinschaft vu Gleewege verstinn, als Vollek Gottes an, wéi et beim Paulus heescht, als Läif Christi, wou mir all duerch de gudde Geescht matenaner verbonne sinn. Da kréie mir eis Differenzen iwwerbréckt, da gi mir méi glafwierdeg a kënnen nees Leit, och Jonker, ausserhalb vun de Kierchemauere fir de Message vu Christus begeeschteren.

Besonnesch an den 33 neie Poren sidd Dir wichteg: an den neie Pastoralréit, an de Verméigensverwaltungsréit vum Kierchefong an an den neie kommunale Kierchefabricken. Méi wéi je ass de Bénévolat d’Réckgrad vun eiser Diözes. Dësen éierenamtlechen Asaz verdéngt héije Respekt an Unerkennung. En häerzleche Merci alle Membere vun de Porgremien a Kiercheréit, de Koschteren, de Lektoren, de Massendénger, den Organisten, de Sänger, de Leit, déi d’Kierch rëschten an an der Rei halen, an all Bénévolen, déi dacks am Hannergrond schaffen, ouni datt se vill beuecht ginn. Zesumme mat de Pastoraléquipen an de Katecheten ass et eis gemeinsam Aufgab, d’Kierch lieweg a waakreg ze halen, no bei de Leit ze sinn an de Bols vun der Zäit ze fillen. Mat Dankbarkeet kucke mir zréck, mat Vertrauen no vir.

Léif Chrëschtinnen a Chrëschten, loosst mir déi éischterlech Bousszäit notzen, fir ëmmer nei an eng wierklech Relatioun mat Christus duerch d’Gebiet anzetrieden. Mir hunn d’Chance, äis vu Gott an der Beicht Verséinung schenken ze loossen. Mir hunn och d’Chance, fir Him an der Kommioun ze begéinen, eist Liewe vun Him erneieren ze loossen an ëmzekéieren, wéi et am Markus-Evangelium um éischte Faaschtesonndeg heescht. Duerch d’regelméissegt Liesen an der helleger Schrëft kënne mir äis virbereeden op d’Karwoch an op Ouschteren, wou mir den Zentrum vun eisem Glawe feieren: den Doud an d’Operstoe vu Jesus Christus. Dat ass d’Basis vun eiser Hoffnung, déi am Zentrum vun all Gottesdéngscht steet. Wa mir aus dësem Glawe liewen, kënne mir opbriechen an d’Zukunft, wou Christus schonn op äis waart.
Dobäi kann äis de Verzicht an dat konkret Faaschten op de Freideger hëllefen. Si si keen Akt vun Trauregkeet, mee vu Befreiung vum Iwwerfloss. „Maacht keen trauregt Gesiicht, wann Dir faascht!“, heescht et an der Schrëft. De Verzicht mécht äis op fir dat Wesentlecht an eisem Liewen, fir den Härgott, a kann äis och hëllefen, fir méi bewosst an am Aklang mat der Schöpfung ze liewen.

Jo, Dir sidd wichteg fir eis Gesellschaft a fir eis Ëmwelt. Fäerte mir net, äis als Chrëschte fir d’Wuel vun der Gesellschaft anzebréngen a fir de Mënsch, den Erhalt vu chrëschtleche Wäerter, fir d’Cohésion sociale a fir Ëmwelt- an Naturschutz anzesetzen. D‘Enzyklika Laudato si’ kann äis hei e gudde Guide sinn, d’Aktioun „Autofasten“ e konkrete Bäitrag an dëse Wochen.
Wann et stëmmt, wéi et an engem Gebiet heescht, datt Christus keng aner Hänn huet wéi eis Hänn fir seng Aarbecht haut  ze maachen, keng aner Féiss huet wéi eis Féiss, fir Mënschen haut  op sengem Wee ze féieren a keng aner Lëpsen huet wéi eis Lëpsen, fir de Mënschen haut  vun him z’erzielen, da wësse mir, datt et haut  op äis  ukënnt.

An deem Sënn wënschen ech Iech dem Herrgott säi räiche Segen op Ärem Wee duerch d’Faaschtenzäit.

Lëtzebuerg, op Liichtmëssdag, den 2. Februar 2018

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Bëschofswuert fir d’éischterlech Bousszäit 2018
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu