lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
22. Februar 2015

Bëschofswuert: Mir all si Caritas!

Caritas Kollekt zu Gonschte vun Obdachlosen dëse Weekend

Den nächste Weekend ass an de Massen déi traditionell Caritas Kollekt zu Gonschte vun Obdachlosen. Dir kënnt d’Aarbecht vun der Caritas fir d’Sans-abrien ënnerstëtze mat engem Don op de Kont: CCPL LU34 1111 0000 2020 0000 (Mentioun: Collecte sans-abri).

Méi Infoen iwwer d’Aarbecht vun der Caritas op www.caritas.lu

Zu dëser Geleeënheet gouf e Bëschofwuert publizéiert.

Bëschofswuert fir d’Kollekt “Sans-abri 2015”

Et ass ee laange kaale Wanter, dee ville Mënschen schwéier zousetzt. Den Doud vun engem Mënsch, deen op der Strooss gelieft huet, huet eis all d’läscht Woch schockéiert. En erënnert eis un zwou Saachen: zum engen dass mer alles Méigleches maache mussen, fir weiderhinn séier a professionell ze hëllefen, an zum aneren dass de Respekt et fuerdert, d’Entscheedung vun all Mënsch z‘akzeptéieren. Eist Ziil muss ët sinn, als Chrëschten an als Biirger vun eiser Gesellschaft eist Allerbäscht ze ginn, fir dass jiddfereen déi Hëllef kritt, déi e brauch an déi e wëll. De Jesus ass do onmëssverständlech: «Was ihr für einen meiner geringsten Brüder getan habt, das habt ihr mir getan.» (Mt 25,40)

Och an eisen Härzer gëtt et heiansdo kaal. D’Faaschtenzäit ass do, fir eis Ängschten opzebriechen an erem opmierksam ze ginn fir déi grouss Hoffnung, déi aus dem Evangelium schwätzt.

Mir wëllen eis Hoffnung op dat Richtegt setzen. Wir wëlle net ofwaarde, wat geschitt, an hoffen, dass et net ze schlëmm ass. Am Konträr! Hoffnung am chrëschtleche Sënn bedeit: ech gleewen, dass den Härgott des Welt an eis all erléist huet, an ech wëll selwer derzou bäidroën, dass een dat mierkt. Ech hoffen aktiv op dee Moment, wou een dat voll a ganz mierkt.

Wann d’Caritas eis um zweete Faaschtesonndeg invitéiert, hinne bei de Projete fir d’Mënschen op der Strooss ze hëllefen, dann engersäits well se op eis Hëllef ugewise sinn, an anerersäits well et net eleng eng Saach vun der Caritas ass. Mir all si Caritas. Mir all sinn Zeien vun der Hoffnung ee fir deen aneren. Dëst Joer ënnerstëtze mer all Démarchen ronderem dat „betreit Wunnen“, fir dass Mënschen no dene kaale Méint elo sou séier wéi méiglech een Daach iwwert dem Kapp kréien an an deser neier Liewensetapp encadréiert ginn.

Un eis soll een et mierken. Dat ass déi grouss Beruffung vun de Chrëschten: Hoffnung auszestrahlen, fir dat Gutt anzestoën, no vir ze kucken, eben Hoffnung ze hunn. Och dann, wann et an der Gesellschaft kaal gëtt, hu mir een Témoignage ze ginn: den Témoignage vun der Wärmt, vun der Léift, vun der Opmierksamkeet, vum Zesummeliewen. Vun der Hoffnung. Loosse mer eis déi Hoffnung nimols ewechhuelen! Merci iech all fir Är tatkräfteg Ënnerstëtzung.

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu