lb fr pt en
Sonndesmass  
3. März 2022

D’Mass um 1. Faaschtesonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 6. Mäerz gouf vun Habscht iwwerdroen. Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht. Kantor ass den Änder Wio. Virsänger an op der Uergel den Abbé Joël Santer an och d’Katarína Strajtová. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass vun Habscht

Am Evangelium vun dësem 1. Faaschtesonndeg däerfe mer de Jesus mat an d’Wüüste begleeden, wéi et am Ufankslidd heescht: „Seigneur, avec toi, nous irons au désert“. An dat ass nët déi schlechtenst Erfaahrung an eisem Liewen.
Och de Jesus ënnerlouch den irdësche Versuchungen, awer hiën haat ee grousst Réckgrad. Villäicht kann déi éischterlech Bousszäit fir äis eng Zäit sinn, wou mer äis op daat Weesentlecht beschränken, eist Liewen erëm nei op Jesus Christus ausriichten, an et esou fäerdeg bréngen, den onnéidege Ballast vun eiser Séil ofzeleeën, fir buedemstänneg a geréngegt no der Wüüste erëm zréck an eisen Alldag ze kommen.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Improvisatioun iwwer d’Ufankslidd
Agangslidd Seigneur, avec toi nous irons au désert LD 410
Kyrie Christus, Gotteslamm Magn. 175
Gloria - -
Virum Evangelium Lob sei dir, Herr Magn. 173-1
Credo gebiet
Offertoire Seigneur, ne nous traite pas selon nos péchés LD 417
Sanctus Heilig ist Gott in Herrlichkeit LD 239
Agnus Dei Gottes Lamm Herr Jesu Christ Magn. 161
Kommioun Aus: Kleine Präludien und Fughetten* J.S. Bach
Schlusslidd Ech hu mäi Leed bei dech gedron LD 507
Sortie Finale aus der 6. Uergelsonate F. Mendelssohn

* op der Uergel d’Katarína Strajtová

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu