lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
6. Abrëll 2020

Message vum Kardinol fir Ouschteren 2020

Opruff fir iwwer Internet un de Gottesdéngschter deelzehuelen an Invitation zu zwou symboleschen Handlungen: Käerz ufänken an der Ouschternuecht / Klacke lauden op Ouschteren

Léif Matchrëschten,

E Saz, dee mir an dëser Zäit dacks héieren, ass: „Aussergewéinlech Ëmstänn erfuerderen aussergewéinlech Mesuren! – Dat gëllt och fir eist reliéist Liewen an der Zäit vun der Corona-Pandemie. Wéi schonn an de vergaangene Woche sinn och an der Karwoch an op den Ouschterdeeg keng ëffentlech Gottesdéngschter an eise Kierchen. Mir kënnen als Chrëschten net zesummekommen, fir gemeinschaftlech de Kär vun eisem Glawen ze feieren: den Doud an d’Operstoe vun eisem Här Jesus Christus. Dat ass eng immens schmäerzvoll Erfarung, déi kee vun eis virun enger Zäit nach fir méiglech gehalen hätt.

Wann och eng physesch Bedeelegung un de Liturgien net méiglech ass, esou ruffen ech Iech awer op, fir doheem an eng geeschteg Demarche op Ouschteren hin anzetrieden. Iwwer de Livestream um Internetsite vun der kathoulescher Kierch www.cathol.lu kënnt Dir all Dag un de Gottesdéngschter aus der Kathedral ënnerlech deelhuelen. Op Ouschtere feieren ech d’Radiosmass an der Kierch vu Bruch/Miersch. Dir sidd häerzlech invitéiert, iwwer Tëlee oder Internet och do mat derbäi ze sinn. Informatiounen zu all dësen Iwwerdrounge fannt Dir op www.cathol.lu.

Vill Pore stellen och op digitale Plattforme reegelméisseg Hëllefen zur Verfügung, fir eleng oder an der Famill doheem ze bieden an en Hausgottesdéngscht ze feieren. Ech soen hinnen dofir villmools Merci.

Fir d’Ouschternuecht, e Samschdeg, den 11. Abrëll 2020, invitéieren ech Iech alleguer en Zeechen ze setzen, dat eis aféiert an d’Operstoe vu Christus. Fänkt wgl. um 20:00 Auer eng Käerz un a stellt si virun Är Hausdier oder bei eng Fënster. Mat dësem Liicht verbanne mir eis mam Liicht vun der Ouschterkäerz. Si verweist jo op Christus, deen aus der Däischtert vum Dout an d’Liicht vu sengem neien an éiwege Liewen iwwergaangen ass. Si ass e Symbol vun eiser Hoffnung, déi mir mat all deenen deele wëllen, déi an dëser Zäit an der Däischtert vun der Ongewëssheet, der Suerg, der Trauer oder der Doudangscht sinn. Mat deem Liicht vun der Käerz wësse mir eis och mat alle Fraen a Männer verbonnen, déi opgrond vun hirem Beruff oder hirem benevollen Engagement am Déngscht vun hire Matmënsche stinn, heiansdo mat dem Risk vun hirem Liewen.

Op Ouschtersonndeg bieden ech déi Verantwortlech an de Poren an all Duerf d’Kiercheklacken um 12:00 Auer wärend 15 Minutte lauden ze loossen. Hire Klang soll eis astëmmen an de Luef vun der Kierch iwwer dem Jesus seng Victoire iwwer den Doud. Hiert Laude soll awer och eis Solidaritéit mat all deenen ausdrécken, déi sech géint all Forme vun Doud stellen a sech fir de Schutz vum Liewen a vun der Schëpfung engagéieren.

Iwwerdeems d’Klacke lauden, bieden ech Iech, dëst Gebiet eenzel oder mat aneren ze bieden:

Operstanene Christus,
Du selwer bass d’Liewen, dat den Doud iwwerwonnen huet!
Dech luewe mir a bieden Dech:
Kuck op d’Leed an d’Trauer vun eise Matmënschen,
besonnesch vun deenen, déi vun der Pandemie betraff sinn,
maach de Wéi vun deenen, déi leiden, méi kleng,
stäerk all déi, déi si fleegen,
schenk de Verstuerwenen däi Fridden
an eis all Courage a Kraaft. Amen.

Duerno kann een ofschléisse mat engem „Gegrüßet seist Du, Maria“ oder mat dem Gebiet vum Angelus (dem „Engel des Herrn“).

Mat groussem Vertraue wëlle mir an dës Karwoch eragoen an eis Häerzer nei fëlle loosse mat der Hoffnung an der Freed vun Ouschteren.

Verbonne mat mengem Seege wënschen ech Iech geseent a frou Ouschteren!

Lëtzebuerg, de 6. Abrëll 2020

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Message vum Kardinol fir Ouschteren 2020

 
Live-Stream vu Roum op Ouschteren um 12 Auer: Angelus a Seegen „Urbi et Orbi”,

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu