lb fr pt en
Joer A  
26. November 2015

12. Sonndeg am Joereskrees A

Mt 10,26-33

26 De Jesus sot zu sengen Apostelen: "Fäert d’Mënschen net! Et ass nämlech näischt zougedeckt, wat net géif opgedeckt ginn, an et ass näischt verbuergen, wat net géif bekannt ginn.

27 Wat ech iech an der däischterer Nuecht soen, dat verzielt am hellen Do! A wat dir an d’Ouer gepëspert kritt, dat verkënnegt op den Diech!

28 Fäert net déi, déi zwar de Kierper doutmaachen, ma déi d’Séil net doutmaache kënnen! Fäert villméi deen, deen esouwuel d’Séil wéi och de Kierper an der Häll zerstéiere kann!

29 Ginn net zwéi Spatze fir een Zantimm verkaaft? An dach, ouni äre Papp fällt net een eenzege vun hinnen op de Buedem erof.

30 Bei iech awer sinn esouguer d’Hoer um Kapp alleguer gezielt.

31 Fäert also net! Dir sidd méi wäert wéi déi sëllege Spatzen.

32 Wien zu mir hält bei de Mënschen, zu deem halen och ech bei mengem Papp am Himmel.

33 Wie mech awer verleegent virun de Mënschen, dee verleegenen och ech viru mengem Papp am Himmel."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu