lb fr pt en
Sonndesmass  
5. Oktober 2019

D’Sonndesmass gëtt vun Aasselbuer iwwerdroen

Dëse Sonndeg live um 9 Auer a Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 6. Oktober, um 9 Auer aus der Kierch vun Aasselbuer iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Aasselbuer huet ënnert der Leedung vum Monique Palzer-Weber, op der Uergel begleet vum Anne Weis-De Jongh, gesongen.

Chorale Ste Cécile Aasselbuer

D’Chorale Ste Cécile vun Aasselbuer hat Gebuertsdag gefeiert: Nodeems mir d’lescht Joer eisen 150. Jubiläum grouss gefeiert hunn, sange mir rem dëst Joer ganz traditionell eis Radiosmass. An eise Chroniken ass ze liesen, dat mir eis éischt Radiosmass 1964 gesongen hunn! Waren et deemools 25 Männer, déi déi Mass gesongen hunn, si mer haut nach 22 Leit am gemëschte Chouer, dee säit 1980 besteet.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Präludium John Beckwith
Agangslidd Je vous salue, Marie Paroles de Rinaud /Choral Anglais
Kyrie Kleng lëtzebuergesch Mass Camille Rodenbour
Gloria Kleng lëtzebuergesch Mass Camille Rodenbour
Psalm
Alleluja Alleluja! Sangt voller Freed Alphonse Steinmetz
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Ave maris Stella Praneuf
Sanctus Kleng lëtzebuergesch Mass Camille Rodenbour
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Kleng lëtzebuergesch Mass Camille Rodenbour
Kommuniounslidd Prenez et mangez Chants de l’Emmanuel (A. Broeders)
Schlusslidd Rosenkranzkönigin M. Haller
Sortie: Uergel Fugue en fa majeur Johann Baptist Peyer

Chouer: Chorale Ste Cécile Aasselbuer
Dirigentin: Monique Palzer-Weber
Organistin: Anne Weis-De Jongh

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu