lb fr pt en
Sonndesmass  
8. September 2022

D’Mass um 24. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Habscht iwwerdroen

Den 11. September gouf d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen. D’chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht séngt d’Mass, Organist a Virsänger ass den Abbé Joël Santer, Kantor ass den Änder Wio. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass zu Habscht

Erëm eng Kéier invitéiert d’Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord zur Matfeier vun der Sonndesmass aus der Nikloskierch vun Habscht. Zesumme wëlle mer äis um Sonndegmueren eng Stonn huelen, fir zesummen ze bieden an ze sangen, fir dem Härgott säi Wuert ze lauschteren a fir Eucharistie ze feieren. Eis Mëttele si bescheiden, mä et geet jo net ëm dat Äusserlecht, mä et geet ëm eng inneg Bezéiung zu Jesus Christus.

Dëse Sonndeg ass och de Weltdag vun de soziale Kommunikatiounsmëttel. An d’Tëleesmass ass ee Kommunikatiounsmëttel, mat deem d’Kierch vu Lëtzebuerg versicht, vill Mënschen, besonnesch déi Eeler a Krank ze erreechen. Duerfir ee grousse Merci un di Responsabel am Bistum an och un d’Leit an der Technik, déi et erméiglechen, dass mer Sonndeg fir Sonndeg, och op dësem Wee, Eucharsistie feiere kënnen. Et sief drunn erënnert, dass d’Tëleesmass nëmme méiglech ass duerch déi vill Donateuren, déi dëst Mëttel vun der Evangeliséierung dotkräfteg ënnerstëtzen.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Improvisatioun iwwer d’Agangslidd
Agangslidd Mein ganzes Herz erhebet dich LD 98
Kyrie Jésus, berger de toute humanité LD 132
Gloria Au plus haut du ciel LD 142
Alleluja Alléluia LD 192
Credo gëtt gebiet
Offertoire Les mains ouvertes LD 228
Sanctus Saint est le Seigneur LD 255
Agnus Dei Agneau de Dieu LD 279
Kommioun Uergelimprovisatioun
Schlusslidd Notre-Dame de la terre LD 527
Sortie Alla Marcia Thomas Adams

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu