lb fr pt en de
Jahr C (2018-2019)  
13. April 2019

D’Karwoch ... e Liewenswee

Kommentar zu Pällemsonndeg vum Romain Richer (14. Abrëll 2019)

Lk 22, 14-23, 56

Mir befannen äis um Ufank vun der wichtegster Woch, der Karwoch. Et sinn Deeg voller Héichten an Déiften.

Bezéiung, Trennung, Léift, Haass, Vertrauen, Onsécherheet, Hoffnung, Fridden a Gewalt wiessele sech of bis zu deem Moment, wou alles fir e kuerze Moment stoen ze bleiwe schéngt, ... dee Moment, wou Gott all Doud en Enn mécht. Jo, den Doud selwer wäert stierwen an et sinn d’Liewen an d’Léift, déi dat lescht Wuert hunn.

Op Pällemsonndeg feiere mir dee Moment, wou de Jesus a Jerusalem anzitt a mir erliewen eng Gesellschaft, déi méi wéi gespléckt ass. Op där enger Säit hu mir all déi Mënschen, déi et net erwaarde kënnen, de Jesus ze treffen. Déi eng hunn de Jesus schonns eng Kéier erlieft, anerer kennen hie vum Héieresoen. Ass dat wierklech de Kinnek, deen d’Mënsche wäert erléisen, ass et wierklech deen, deen endlech Fridden an d’Welt bréngt? Freed an Hoffnung maache sech breet.

Op der anerer Säit ginn et Mënschen, déi et och net erwaarde kënnen, datt de Jesus endlech d’Diere vun der Stad Jerusalem passéiert. Et sinn déi, déi an him eng grouss Gefor gesinn, een, deen déi al Uerdnung op d’Kopp well stëllen. Mir erliewen hei Onsécherheet, Ofleenung, Hoffnungslosegkeet, jo einfach e Refus vum Jesus sengem Message.

Nodeems de Pällem geseent ginn ass a mir an enger Prëssessioun an d’Kierch eraginn, dann dauert et net laang a mir héieren d’Passioun aus dem Lukas-Evangelium. Wéi séier d’Stëmmung kippe kann, wéi séier ee vum Messias zu engem zu Onrecht Veruerteelte gëtt, dat erliewe mir an dësem Text! De Jesus trëtt an eist Liewen eran an, et ass e wéineg wéi deemools zu Jerusalem. Mir erliewe Momenter, wou mir äis iwwert seng Präsenz freeën. Mir erliewen Zeeche vun Hoffnung a wëlle voller Courage mat him de Wee goen. Et ginn awer och déi Momenter, wou mir zweifelen a wou mir veronséchert sinn. A si mir dach mol ganz éierlech: Si mir zu all Moment bereet, dat ze maachen, wat de Jesus äis seet? Si mir bereet, zu all Moment fir hien a säi Message opzestoen an deementspriechend eist Liewen ze änneren? Oder kann et net awer vläicht mol virkommen, datt mir léiwer an eisem Rhythmus wëlle bleiwen? Fille mir äis net e wéineg gestéiert, wann do ee kënnt an äis wëll soen, wou dee Wee higeet?

Et heescht sech all Dag op en Neits entscheeden, ob mir mam Jesus de Wee wëlle goen oder net. De Jesus wëll äis aus der Gemittlechkeet erauszéien ... an dat gefällt net ëmmer. Awer hie mécht äis Courage, e schenkt äis ëmmer erëm d’Méiglechkeet nei unzefänken.

Neen, et ass net ëmmer einfach, awer wichteg ass, datt mir oppe si fir säi Message. Et ass wichteg, datt säi Wuert an eisem Liewe Wuerzele ka schloen. Kuckt emol: Wéi vill wollten dem Jesus säin Doud an herno hu se sech awer duerch säi Wuert beréiere gelooss an hu sech bekéiert?

Wann de Jesus an eist Liewen anzitt, wou sti mir dann? Virun dem Haaptportal a begréissen hien oder hannert der Mauer a wëllen eis Rou? An esouguer, wa mir sollten hannert der Mauer stoen, ... si mir awer bereet, äis fir hien opzemaachen?

A wéi sti mir zu de Mënschen, déi de Jesus an hirem Liewen am Moment refuséieren? Gi mir och hinnen eng Chance oder hu mir se schonns ofgeschriwwen? Ganz vill Froe stinn am Raum … kommt mir maachen et ewéi de Jesus a mir ginn d’Hoffnung net op …

Iech all eng geseente Karwoch.

Quelle: Luxemburger Wort

Romain Richer
romain.richer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu