lb fr pt en
Personalia  
21. November 2023

Aféierung vum Dechen Jean-Jacques Flammang

Den 19. November 2023 zu Réiden

Klickt op d’Foto fir d’Fotogalerie

E Sonndeg, den 19. November huet eise Bëschof, de Kardinol Jean-Claude Hollerich an der Persoun vum P. Jean-Jacques Flammang SCJ en neien Dechen fir den Dekanat Zentrum agesat.

Dem Pater Flammang sinn den Dechen adjoint Romain Richer an d’Assistentin Regina Hüneke zur Säit gestallt. Den Dechen ass de Vertrieder vum Bëschof am Dekanat an och deen, deen dem Bëschof d’Uleies vun der Par virleet.

Doniewent encouragéiert hien den Zesummenhalt an d’Zesummenaarbecht vun de Paschtéier an alle pastorale Mataarbechterinnen a Mataarbechter, huet d’Presidentin vum Pastoralrot vun der Par Atertdall Sainte-Claire, d’Betty Heimermann an hirer Begréissung gesot.

Mat dem Generalvikar Patrick Muller a Pateren vu Clairefontaine, hu vill Paschtéier, Mataarbechterinnen a Mataarbechter, Vertrieder aus de Pastoralréit aus de Paren vum Dekanat Zentrum a Vertrieder vun de verschiddene Gemengen um feierleche Gottesdéngscht deelgeholl. Eng gutt besate Chorale mat Sängerinnen a Sänger aus de Choralle vun de Pare Rammerech Saint-Valentin & Atertdall Sainte-Claire hunn ënnert der Direktioun vum Fernand Scheller a begleet vum Organist Carlo Philippe dës Mass verschéinert.

Am Uschloss huet d’Gemeng Réiden an den CGP vun der Par Atertdall Sainte-Claire op eng Receptioun invitéiert.

Fotoen: SCP/G. Kieffer a Charel Reiser

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu