lb fr pt en
Conseil pastoral diocésain  
25. Abrëll 2022

Den neien diözesane Pastoralrot huet d’Aarbecht opgeholl

An enger Zäit, an där Kierch a Gesellschaft am Wandel sinn, ass et Aufgab vum diözesane Pastoralrot ze iwwerleeën, wéi eng Initiativen am pastorale Beräich fir d’Zukunft sollen ergraff ginn, sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich bei Geleeënheet vun der konstituéiernder Sëtzung den 19. Abrëll am Centre Jean XXIII. Den Äerzbëschof huet alle Vertrieder vun de Gremien, Dekanater a Sproochegemeinschafte villmools Merci fir hir Presenz an hirt Matschaffe gesot, grad elo am synodale Prozess, an d’Diversitéit vum Rot als Spiggelbild vun der Gesellschaft ënnerstrach.

Mat Bléck op dës Synod huet de Generalvikar Patrick Muller de Pastoralrot, dee bis 2017 geschafft huet an no enger Adaptatioun vun senge Statuten nei agesat gouf, als e wichtegt Instrument an enger synodaler Struktur vun der Kierch bezeechent. An dëse Rot koum dann och no enger Virstellungsronn vu sengen 22 Memberen gläich in medias res an huet sech mat de Froe vun der Synod zu den 3 Themen “Gemeinschaft, Partizipatioun, Missioun” befaasst.

No engem Zeenespill an engem Bibeldeelen gouf an zwou Klenggruppen, moderéiert vu Jean-Louis Zeien a Josiane Mirkes, Responsabel vun der diözesaner Synodenekipp, iwwerluecht a wéi enge Punkten d’Kierch sech ännere misst, fir nees méi lieweg a fit fir d’Zukunft ze ginn. D’Pisten, déi wärend dem oppenen a konstruktiv kriteschen Austausch opgewise goufen, fléisse mat an an d’Synthees, déi als Contributioun vun der Lëtzebuerger Kierch am Summer op Roum geschéckt gëtt.

Member am neien diözesane Pastoralrot sinn: Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, President, Regine Bernard, Christine Bußhardt, Odette Buyse-Nepper, Stefano Camposeo, Marc Crochet, Claudine Draut, Josefina Eischen, Sara Ferreira, Astrid Gaudissard, Georges Hellinghausen, Patrick Muller, Evelyne Santos, Liliane Santos Ortega, Nico Schartz, Ingrid Scholzen-Hoffmann, Ricardo Marques, Sonja Sartorius, Renée Schmit, Roman Tyczynski, Jean-Paul Wagener, Léon Weber a Véronique Weis, Memberen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu