Homepage>Glawen & Pastoral . Foi & Pastorale >Texter a Kommentaren . Textes et commentaires >D’Evangelium op Lëtzebuergesch >Joer C >
lb | fr | pt | en |
Joer C
25. November 2015
5. Ouschtersonndeg C
Joh 13,31-33a.34-35
31 Wéi de Judas erausgaang war, sot de Jesus: "Elo ass de Mënschejong verherrlecht, an den Herrgott ass an him verherrlecht.
32 Wann den Herrgott an him verherrlecht ass, da verherrlecht den Herrgott hien och an sech, an hie verherrlecht hie geschwënn.
33a Kanner, ech sinn nëmmen nach eng kuerz Zäit bei iech.
34 En neit Gebot ginn ech iech: Dir sollt een deen anere gär hunn! Esou wéi ech iech gär hunn, esou sollt och dir een deen anere gär hunn.
35 Dorun erkennt da jiddereen, datt dir meng Jünger sidd: wann dir een deen anere gär hutt."
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique