lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Housen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 26. Februar aus der Kierch vun Housen iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Housen huet ënnert der Leedung vum Fernand Scheller gesongen, op der Uergel huet den Arsène Bertemes begleet.
Schonn 1868 gouf et zu Housen e Musiks- a Gesanksveräin. Eise jeztzige Veräin gouf offiziell 1978 gegrënnt. Zënter 2016 si mir mat Veianen-Housen-Houschent an engem Parverband. An esou si mir frou, wann mir bei gréisseren Geleeënheeten vu Memberen aus den Nopeschchéier vum Porverband ënnerstëtzt ginn. Mir sangen haaptsächlich eis Sonndesmassen, Begriefnisser, Hochzäiten asw. mee och etlich mol ee weltliche Concert.
Eis Prouwe sinn dënschdes owes vun 19.30 bis 21.30 Auer, an nei Membere sinn häerzlich wëllkomm.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisation de l’organiste | |
---|---|---|
Agangslidd | Frohe Klänge, Festgesänge | M.C. Granahan |
Kyrie | Messe de la Grâce Divine | Cam. Rodenbour |
Gloria | Messe de la Grâce Divine | Cam. Rodenbour |
Zwëschegesank | Alléluia, salut, puissance | Eric Hauguel |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Dankgebet | Josef Butz |
Sanctus | Messe de la Grâce Divine | Cam. Rodenbour |
Vater unser | Notre Père | N.C.M. |
Agnus Dei | Messe de la Grâce Divine | Cam. Rodenbour |
Kommiounslidd | Où va notre terre | J. Akepsimas |
Schlusslidd | Lobet den Herren | Cam. Rodenbour |
Sortie: Uergel | 2e Grand choeur | C.J. Grey |
Chouer: Chorale Ste Cécile Housen
Dirigent: Fernand Scheller
Organist: Arsène Bertemes