Homepage>Glawen & Pastoral . Foi & Pastorale >Texter a Kommentaren . Textes et commentaires >D’Evangelium op Lëtzebuergesch >Joer C >
lb | fr | pt | en |
Joer C
25. November 2015
Daf vum Här C
Lk 3,15-16.21-22
15 D’Vollek war voll Erwaardung, an alleguer hunn si sech gefrot, ob de Johannes net vläicht esouguer de Messias wär.
16 Du sot hien zu hinnen all: “Ech deefen iech elo mat Waasser, ma et kënnt een, dee méi staark ass wéi ech, an ech sinn et net wäert, him seng Schongstréckele lasszemaachen. Hien deeft iech mat hellegem Geescht a mat Feier.”
21 Wéi dat ganzt Vollek gedeeft ginn ass, ass och de Jesus gedeeft ginn. Iwwerdeems hie gebiet huet, ass den Himmel opgemaach ginn,
22 an den hellege Geescht ass an der Gestalt vun enger Dauf op hien erofkomm. An eng Stëmm koum aus dem Himmel: “Du bass mäi Jong, an ech hunn dech gär; du stees a menger Gonscht!”
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique