lb fr pt en de
150 Joer Diözes Lëtzebuerg . 150 ans diocèse de Luxembourg  
3. Dezember 2019

Réckkéier vum Gnodebild vun der Giischterklaus no der Evakuatioun am II. Weltkrich – 75. Joresdag

Girsterklaus, den 10. Mee 2020

2019 hu vill Lëtzebuerger Uertschaften de 75. Joresdag vun hirer Liberatioun um Enn vum Zweete Weltkrich gefeiert.

Allerdings sollt et an den Uertschafte vun der Ënnersauer nach méi laang daueren, bis fir d’Leit do de Krich eriwwer wor. Ufanks Oktober hate si missen an d’Evakuatioun matgoen, a wéi si fortmussten, hat e jonkt Baueremeedche vun Hénkel, d’Marie Schou, no Récksprooch mam deemolege Kaploun Margue, d’Gnodebild vun der Muttergottes vun der Giischterklaus mat op d’Flucht geholl.

Eng éischt Statioun wor d’Härenhaus zu Hierber. Wéi och Hierber evakuéiert gouf, gouf d’Gnodebild an d’Stad an de Bistum bruecht, wou et an engem Salon opgstallt gouf.

Fir d’Oktav 1945 koum d’Statu zréck an d’Parkierch a Christi Himmelfahrt 1945 konnt dunn d’Gnodebild zréck a seng Wallfaartskierch. Dat wor deemools den 10. Mee.

Do koum ons d’Iddi de 75. Anniversaire vun dësem eenzegaartegen Evenement an onser lokaler Kierchegeschicht ze feieren. Den 10. Mee fält 2020 op den Zweeten Oktavsonndeg.

Programm

  • Mueres: Mass zu Hierber; Pilgerwee zu Fouss mam Gnodebild den ëmgedréite Wee vun der Evakuatioun (8,5 km); Halten ënnerwee mat historeschen Evokatiounen an och mat eppes z’iessen.
  • Am Nomëtteg: Festlechen Accueil vum Gnodebild op der Klaus an Andacht, wou och d’Kommiounskanner hir Widmung u Maria maachen; duerno e gesellegen Ament.
Réckkéier vum Gnodebild vun der Giischterklaus
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu