lb fr pt en
Sonndesmass  
14. September 2023

D’Mass um 24. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Stengefort iwwerdroen

De 17. September gouf d’Sonndesmass vu Stengefort iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Stengefort-Hoen-Klengbetten an d’Alphornbläser hunn d’Mass musikalesch animéiert ënnert der Direktioun vum Josée-Anne Mangen an op der Uergel begleet vum David Del Nin. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass zu Stengefort

Aus dem Intressi eraus emol op engem Alphorn ze blosen hunn e puer Bléiser 2011 d‘Äischdall Alphornbléiser gegrënnt. Mëttlerweil ass de Repertoire vu Melodien, déi just op Naturtéin baséieren, gewuess a bei all Geleeënheet sinn d’Musikanten do a suergen fir e passend musikalescht Encadrement.
Zesummen mat der Chorale Ste Cecile vun Stengefort-Hoen-Klengbetten verschéinere mir dësen Sonnden Tëleesmass zu där mir iech ganz häerzlech alueden.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Prélude “Messe du VIII ton” Gaspar Corrette (1703)
Agangslidd Festlicher Einzug Alex Wörner
Kyrie Jésus, berger Jacques Berthier
Gloria Ehre, Ehre sei Gott Franz Schubert
Tëschegesank Beim Wegkreuz H. J. Sommer
Alleluja Alleluja! Christ! Alleluja Léon Guillou
Credo gëtt gebiet
Offertoire Lorenz Choral Alex Wörner
Sanctus Heilig, heilig Franz Schubert
Anamnes Andante religioso Alex Wörner
Agnus Dei Vienne la colombe Jean-Claude Gianadda
Kommioun Die Kirche am Berg Walter Klaus
Schlusslidd Dank H. J. Sommer
Sortie Grand jeu “Suite du premier ton” Pierre Du Mage (1708)

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu