lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um 1. Faaschtesonndeg gouf vun Dikrich iwwerdroen
Den 18. Februar gouf d’Houmass vun Dikrich iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Dikrich huet ënnert der Direktioun vum Raymond Majerus gesong, begleet op der Uergel vum Maurice Clement. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Dikrich
D’Chorale Ste Cécile Dikrich gouf am November 1891 gegrënnt a besteet nach haut als Männerchouer. Mir hunn am Jar 2016 den 125. Gebuertsdag grouss gefeiert.
Nieft de villen üblichen Aktivitéiten (Sonndes- a Feierdagsmassen, Hochzäits- a Begriefnismassen, asw.) preparéiert eisen Dirigent Raymond Majerus äis dëst Jar och nach zwee grouss Concerten. An eisem Chouer fleege mir Komerodschaft, Frëndschaft an Ekippegeescht, no bausse wëlle mer eis Freed um Sange mat villen anere Leit deelen. Mir prouwe mëttwochs owes am Musikssall vun der Grondschoul zu Dikrich. All irgendwéi stëmmbegabte Mann ass ëmmer wëllkomm!
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Improvisatioun iwwert „Invocabit me“ | |
---|---|---|
Agangslidd | Invocabit me | Introitus vum 1. Faaschtesonndig |
Kyrie | Kyrie XVII | |
Tëschegesank | Der Herr hat uns befreit | Magn. 233-1 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Pitié pour nos misères | Jean-Paul Majerus |
Sanctus | Sanctus XVII | |
Agnus Dei | Agnus Dei XVII | |
Kommiounslidd | Guide us, o thou great Jehovah | John Hughes / arr. Andrew Hawryluk |
Schlusslidd | Laisserons-nous à notre table | LD 236 |
Uergel: Sortie | Sortie en fa mineur | César Franck |