lb | fr | pt | en |
29. Sonndeg am Joereskrees C
Lk 18,1-8
1 De Jesus huet senge Jünger e Gläichnes erzielt, fir ze weisen, datt si ëmmer bieden an däers net midd gi sollten.
2 Hie sot: "Et war emol an enger Stad e Riichter, dee weder den Herrgott gefaart nach iergende Mënsch geuecht huet.
3 An därselwechter Stad war och eng Witfra, déi ëmmer erëm bei dee Riichter komm ass a gesot huet: ’Verschaf mir Recht géint mäi Géigner!’
4 Eng Zäitlaang wollt hien net. Zu gudder Lescht awer huet hien sech gesot: ’Och wann ech weder den Herrgott fäerten nach iergende Mënsch uechten,
5 wëll ech dëser Witfra elo Recht verschafen, well si ass mir eng eenzeg Plo! Net datt si um Enn nach kënnt a mir eng op de Bak gëtt.’”
6 Du sot den Här: "Lauschtert, wat deen ongerechte Riichter do seet!
7 Soll dann éiren den Herrgott sengen Auserwielten net Recht verschafen, wann si Dag an Nuecht zu him ruffen? Soll hien si laang waarde loossen?
8 Ech soen iech: Hie verschaaft hinne séier hiert Recht. Wann awer de Mënschejong kënnt, fënnt hien dann [nach] de Glawen op der Äerd?"