lb fr pt en
Aktivitéiten 2019 . Activités 2019  
23. Abrëll 2019

“Mam Grand-Duc Jean verléiert Lëtzebuerg e Mënsch, dee sech e Liewe laang ganz an den Déngscht vun eiser Heemecht gestallt huet”

Reaktioun vum Här Äerzbëschof op den Doud vu S.A.R. dem Grand-Duc Jean

A mengem eegenen Numm an am Numm vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg wëll ech der groussherzoglecher Famill an dësem schwéiere Moment eis déifst, chrëschtlecht Matgefill ausdrécken. S.A.R. de Grand-Duc Jean war e Staatschef, dee sech besonnesch duerch seng mënschlech Qualitéiten ausgezeechent huet an dee sech der Verantwortung vu sengem héijen Amt bewosst war. Enk verbonne mat dem Vollek huet hie sech a sengem Handele vun héije Wäerter leede gelooss an och op d’Hëllef vu Gott vertraut. Mam Grand-Duc Jean verléiert Lëtzebuerg e Mënsch, dee sech e Liewe laang ganz an den Déngscht vun eiser Heemecht gestallt huet. Mat déiwem Respekt a grousser Dankbarkeet soe mir him „Au revoir, Monseigneur !“

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu