lb | fr | pt | en |
De gudde Samariter léiert eis: all Mënsch ass mäin Nächsten!
Bëschofswuert zur Allerhellegekollekt 2015 fir d’Flüchtlingshëllef vun der Caritas
D’Leed vu Mënschen ass ëmmer zugläich een Opruff un déi, déi d’Méiglechkeet hunn ze hëllefen! Am Gläichnes vum gudde Samariter (Lukas 10,25-37) geet et dem Jesus em dee Mënsch, deen ouni Rücksicht op reliéis oder kulturell Ënnerscheeder einfach a spontan hëlleft. Et geet him em dee Mënsch, deem seng Hëllefsbereetschaft méi grouss ass wéi seng Angscht oder seng Gewunnechten. Em dee Mënsch, dee sech zum Brudder oder zur Schwëster vun deem mécht, deen a Nout ass an deen eng „Herberg“ braucht.
Des Wochen a Méint vun der Flüchtlingskris sinn eng grouss Erausfuerderung fir eis all. Elo weist sech, wee mer sinn. Wéi reagéiere mir? Wat fir Méiglechkeeten hu mer? Wouzou léisst sech eist Häerz beweegen?
Si sinn een Appell un all déi, zu deenen hirem Glawen oder hirer Weltanschauung et gehéiert, dass d’Würd vu kengem Mënsch dierf ugetaascht ginn an dass Dote méi hëllefe wéi gescheit Wierder. Si sinn een däitleche Ruff un all d’Chrëschten an un all déi, déi sech deene chrëschtlech geprägte Wäerter verbonne fillen. Des Kris dierf net zu enger Solidaritéitskris ginn. D’Liewe besteet aus Solidaritéit a Léift. Soss ka kee vun eis iwwerliewen. Dofir dierfe mer eis Dieren net zoumaachen a net deenen engen hëllefen an aneren net. De gudde Samariter léiert eis: all Mënsch ass mäin Nächsten!
Ech wëll deenen immens ville Mënsche Merci soen, déi an der Läscht souvill Solidaritéit gewisen hunn. Ech freeë mech iwwert déi vill gutt Initiativen, zum Beispill am Kader vum Projet “Reech eng Hand” vun der kathoulescher Kierch, déi zu Lëtzebuerg ass.
An ech wëll Iech fir Allerhellegen d’Kollekt vun der Caritas ganz waarm un d’Häerz leeën. D’Caritas engagéiert sech hei am Land an an de Kriseregioune fir déi Mënschen, déi hiert Doheem verluer hunn. Grad elo si mer all zesummen « Caritas », d’Gesiicht vun der Léift.
Merci fir all Hëllef. Merci fir all Engagement. Merci fir all Spend. A virun allem Merci, dass mer zesummen als Kierch zu Lëtzebuerg an als Mënsche vu guddem Wëlle weisen, dass kee Mënsch eis Solidaritéit verléiert, och wann en soss alles verluer huet.
+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
Méi iwwer d’Flüchtlingshëllef vun der Caritas fannt Dir an der neier Caritas-News...
Informéiert Iech och iwwer de Flüchtlingsprojet “Reech eng Hand” vun der Kierch
- Rieden & Interviewen . Discours & entretiens
- D’Wuert zum Sonndeg . La Parole du Dimanche
- De Kalenner vum Kardinol . Le calendrier du cardinal
- Aktivitéiten . Activités
- Priedegten . Homélies
- Cardinal Jean-Claude Hollerich
- Mgr Jean-Claude Hollerich va à Fatima le 13 août
- Kardinal Jean-Claude Hollerich
- Cardeal Jean-Claude Hollerich
- Kardinol Jean-Claude Hollerich an de peepstleche Rot fir den interreliéisen Dialog genannt