lb | fr | pt | en |
Doumkapitel . Chapitre cathédral
4. November 2019
De Generalvikar Patrick Muller an den Deche Claude Bache goufen an d’Doumkapitel opgeholl
Fotosimpressioune vun der Feier um Méindeg Moien am Bëschofshaus
Um Méindeg Moien, no der Mass fir déi verstuerwe Bescheef, Doumkapitularen, Priister an Diakone vun der Äerzdiözes an der Krypta vun der Kathedral, goufen an der Kapell vum Bëschofshaus a Presenz vum Kardinol Jean-Claude Hollerich zwee nei Memberen an d’Doumkapitel opgeholl: de Generalvikar Patrick Muller an den Deche Claude Bache. Mir felicitéieren!
Nom Départ vum Martin Molitor a vum Raymond Streweler setzt sech d’Doumkapitel elo esou zesummen (op der Foto vu lénks no riets): Edmond Ries, Mgr Leo Wagener, François Muller, Claude Bache, Jean Ehret, Tom Kerger, Patrick Muller, Nicolas Wenner, Doumpropst Georges Hellinghausen.
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique