lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
22. Februar 2015

Bëschofswuert fir d’éischterlech Bousszäit 2015

Léif Schwësteren,
Léif Bridder,

Erlaabt mer um Ufank vun dëser Faaschtenzäit dëse Bréif un Iech ze riichten. Mir sinn ënnerwee op Ouschteren zou, d’Fest vun der Operstehung vu Jesus Christus.

An der Mass, a besonnesch op Ouschteren, erneiert Christus seng Kierch, eis Kierch, duerch säi Läif a Blutt an duerch den Hellege Geescht. Ouschteren ass duerfir ëmmer en neien Depart.

Mir maachen dat als Kierch och an engem neie Kontext. Déi Leit, déi vun elo u vun der Kierch ugestallt ginn, ginn net méi vum Staat bezuelt. Elo musse mir all duerfir suergen, dass och an Zukunft nach kënne Leit sech haaptamtlech fir d’Kierch engagéieren.

Och de Reliounsunterrecht wäert an Zukunft ewech falen. Do musse mir dann d’Kateches an de Poren opbauen, eng Kateches déi äis hëlleft fir Kanner a Jugendlech an de Mysterium vu Christus anzeféieren.

Eng aner Tâche ass, datt mir selwer fir eis Kierchegebaier an hiren Ënnerhalt opkomme mussen.

Dat si grondleeënd Verännerungen. Mir sinn domat opgeruff, äis als Kierch nei opzestelle fir dem Optrag vu Christus gerecht ze ginn, fir d’Evangelium ze verkënnegen.

D’Faaschtenzäit ass eng Period, wou mer opgeruff sinn, op de Konsum ze verzichten, fir méi fräi ze gi fir d’Begéinung mat dem Härgott an de Mënschen. Mee eis Manéier, wéi mer d’Chrëschtentum gelieft hunn, huet och eppes mat Konsum ze dinn. Mir hu vergiess, datt d’Kierch net méi nëmmen de Bëschof an d’Paschtéier sinn, mee datt mir alleguer dozou gehéieren.

Jidderee vun äis dréit Matverantwortung fir dës Kierch, jidderee vun äis ass en Deel vun deem Vollek Gottes, dat ëmmer ënnerwee ass. Dës Kierch brauch elo e bësse méi Suen, si brauch awer och vill méi Benevolat, vill méi Hänn déi mat upaken.

Eis Kierch gëtt an de Medien vill ugegraff. Gerecht Kritik mëscht sech do mat esou munneche Parolen, déi Ignoranz, Intoleranz an esouguer heiansdo Haass ausdrécken.

Mee dat ass et nach ëmmer an der Kierchegeschicht ginn, esouguer an eisem klenge Lëtzebuerg. Wat awer vill méi schlëmm ass wéi déi Attacke vu baussen, dat ass, wa mir ënnert äis keng Eenegkeet hunn. Da si mer net méi dat Vollek vum Härgott, dat Hien a seng Zukunft féiert, mee en traurege Grupp vu gëschter, deen e schappegt Bild ofgëtt, a wou et schwéier ass, eppes vun der Freed vum Evangelium ze spieren.

Jo, Ouschteren, an de Wee dohinner, deen iwwer Verzicht geet, wëll äis an eng déif Freed féieren.

Virun allem wëll ech dëst Joer jiddereen opfuerderen, fir an der Faaschtenzäit an den Evangelien ze liesen, fir all Dag eng Zäit vu Gebiet a vu Stëllt ze fannen.

Da kënne mer d’Freed vun Ouschteren net verpassen!

Jo, léif Schwësteren a Bridder, et kann een äis villes huelen, mee net déi Hoffnung an déi Freed, déi nëmmen den Härgott ka ginn.

Lëtzebuerg, den 11. Februar 2015

A grousser Verbonnenheet,

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Bëschofswuert fir d’éischterlech Bousszäit 2015
PDF 257.8 kio, 20. Februar 2015
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu