lb | fr | pt | en |
Bei de Sinistréierte vum Tornado zu Péiteng
Grouss Schiet, Rotlosegkeet a vill Solidaritéit / Den ernannte Weibëschof Leo Wagener war op der Plaz
A Vertriedung vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, dee mat engem Pilgergrupp an Thailand ass, war ech e Samschdeg, den 10. August, an d’Gemeng Péiteng, fir en Zeeche vu Solidaritéit vun der Lëtzebuerger Kierch mat de Sinistréierten vum Tornado ze setzen. Den Här Buergermeeschter Pierre Mellina ass mat mir op d’Plaze vun deene schlëmmste Schiet a senger Gemeng gefuer. Mir konnte mat Betraffene selwer schwätzen an och mat Memberen vun de Rettungsdéngschter. D’Leit sinn erféiert iwwert déi onheemlech Muecht vun de Naturgewalten. Si sinn ouni Wierder virun de grousse Schiet. Mee et gouf och ëmmer nees op déi vill Zeeche vu Solidaritéit vu ville Matbierger, vu Firmen a Gemengen higewissen. «Ech hu gesinn, wéi d’Leit zesummen halen, wann d’Lompe sténken», sot een erschöpfte Pompjee.
Après la tornade: dégâts énormes, consternation et solidarité
Heureusement pas de victimes mortelles dans ces collines de décombres après le passage de la tornade à Bascharage et Pétange! Le maire de Pétange, loué par ailleurs pour la bonne coordination des aides, espère que les maisons «décapitées» soient toutes couvertes de bâches avant l’arrivée de nouvelles pluies. Malgré l’épreuve des intempéries, nombreuses étaient les signes de solidarité par la population et les communes.
Mgr Leo Wagener