lb | fr | pt | en |
Muttergottesoktav . Octave Notre-Dame
19. Mee 2017
En neien Ufank woen
Eng Meditatioun zur Oktav vum Monique Hermes
En neien Ufank woen
Opbroch woen,
Ballast ofwerfen,
nei Weeër sichen,
Chancen erkennen.
Net opginn,
net stoe bleiwen,
éischt Schrëtt maachen
op enaner zou.
Ongewinntes op äis zoukomme loossen,
Perspektiven erkennen,
Zukunft gesinn,
a Bewegung bleiwen.
Ëmdenken,
opbriechen,
weidergoen,
de Schwieregkeeten net auswäichen.
Offe bleiwen,
un en neien Ufank gleewen,
décidéiert Jo soen
zu Gott an zu de Matmënschen.
Zesummen ënnerwee sinn,
als Kierch zu Lëtzebuerg,
gleewen an hoffen,
een Zil hunn.
Si huet äis et virgemaach.
Si huet net opginn.
Si ass och mat äis um Wee:
Maria, d’Mamm vum Jesus,
d’Mamm vun der Kierch,
Eis Mamm.
Monique Hermes
Meditatioun fir d’Oktavmass vun där neier Par Musel a Syr Saint-Jacques, den 19. Mee 2017
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique
- Oktav 2023 . Octave 2023
- Oktav 2022 . Octave 2022
- Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés
- Oktav 2024 . Octave 2024
- Das Oktavbild des Tages . L’image du jour de l’Octave
- En neien Ufank woen
- (Bal) 400 Joer Oktavgeschicht. Konstanten a Bréch
- As origens da Oitava em honra da Mãe de Deus no Luxemburgo
- The Origins of the “Octave of the Mother of God” in Luxembourg
- Entstehung, Entwicklung und Bedeutung der Muttergottes-Oktave