lb fr pt en
Priedegten 2021  
3. Mee 2021

Wéi enger Stëmm nogoen – dem Gewëssen oder der Angscht?

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Milly Hellers (3. Mee 2021)

Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus (27, 11-26)

Als Jesus vor dem Statthalter stand, fragte ihn dieser: Bist du der König der Juden? Jesus antwortete: Du sagst es. Als aber die Hohepriester und die Ältesten ihn anklagten, gab er keine Antwort. Da sagte Pilatus zu ihm: Hörst du nicht, was sie dir alles vorwerfen? Er aber antwortete ihm auf keine einzige Frage, sodass der Statthalter sehr verwundert war.

Jeweils zum Fest pflegte der Statthalter einen Gefangenen freizulassen, den das Volk verlangte. Damals war gerade ein berüchtigter Mann namens Barabbas im Gefängnis. Pilatus fragte nun die Menge, die zusammengekommen war: Was wollt ihr? Wen soll ich freilassen, Barabbas oder Jesus, den man den Christus nennt? Er wusste nämlich, dass man Jesus nur aus Neid an ihn ausgeliefert hatte.

Während Pilatus auf dem Richterstuhl saß, sandte seine Frau zu ihm und ließ ihm sagen: Habe du nichts zu schaffen mit jenem Gerechten! Ich habe heute seinetwegen im Traum viel gelitten. Inzwischen überredeten die Hohepriester und die Ältesten die Menge, die Freilassung des Barabbas zu fordern, Jesus aber hinrichten zu lassen. Der Statthalter fragte sie: Wen von beiden soll ich freilassen? Sie riefen: Barabbas!

Pilatus sagte zu ihnen: Was soll ich dann mit Jesus tun, den man den Christus nennt? Da antworteten sie alle: Ans Kreuz mit ihm! Er erwiderte: Was für ein Verbrechen hat er denn begangen? Sie aber schrien noch lauter: Ans Kreuz mit ihm!

Als Pilatus sah, dass er nichts erreichte, sondern dass der Tumult immer größer wurde, ließ er Wasser bringen, wusch sich vor allen Leuten die Hände und sagte: Ich bin unschuldig am Blut dieses Menschen. Das ist eure Sache! Da rief das ganze Volk: Sein Blut – über uns und unsere Kinder! Darauf ließ er Barabbas frei, Jesus aber ließ er geißeln und lieferte ihn aus zur Kreuzigung.

Léiwen Här Äerzbeschof / Weibëschof, léif Kolleegen a Kolleeginnen,
léif Leit alleguer, hei an der Kathedral an déi dir doheem iwwert de Fernsee oder Internet mat äis verbonne sidd,

D’Thema vun haut ass „Wéi enger Stëmm nogoen – dem Gewëssen oder der Angscht?“

Eng schwéier Fro! Villäicht ass et eis och schon emol geschitt, dass mir Zeien – oder Affer gi sinn, wou eppes net korrekt verlaf, wou engem aneren – oder eis selwer, Onrecht gedoen, ee gemobbt gouf, sief dat a Famill oder Beruff, Kierch oder Gesellschaft…

Villäicht waren dat Situatioune wou eis kloer war: Dat dierf net sinn. Do muss ee reagéieren, dat kann ech net einfach esou stoe loossen…

Dobäi denken ech un d’Generatioune vum 2. Weltkrich, wou Mënschen, déi net averstane waren an dat gesot hunn, hiert Liewe riskéiert hunn – Dietrich Bonhoeffer, Edith Stein, di Familljen, déi Lëtzebuerger Jongen oder Gleeweger vun der jüddescher Gemeinschaft verstoppt – oder hinne gehollef hunn, fir ze flüchten – Lëtzebuerger, Jongen déi sech als Zwangsrekrutéiert anzéie gelooss hunn… fir hir Familljen ze schützen.

Oder haut – Mënschen, di et woen, Skandaler opzedecken oder sech fir de Rechtsstaat asetzen, a sech selwer – an hir Famill – a Gefor bréngen. Bestëmmt ware sech di Betraffe bewosst: „Wann ech op di Mëssstänn hiweisen, kann dat och fir mech a meng Famill geféierlech ginn!“

Eng änlech Situatioun begéine mir am Bibeltext vun haut, wou de Jesus viru sengem Doud vum Pilatus de Prozess gemaach kritt. De Pilatus war vum Keeser Augustus zum Statthalter ernannt ginn. Dat huet sécher mat sech bruecht, dass hien all Interessen hat, fir dem Keeser an d’Hand ze spillen, sief et a senger Verantwortung als Chef vun der réimescher Verwaltung, als Riichter oder Responsabel vum Steierbüro.

E puer Wuert zum biblesche Kontext: No 3 Joer an der Ëffentlechkeet koum de Jesus zréck op Jerusalem. Hie war duerch d’Land gezunn, hat als „Ambassadeur“ vum Härgott, mat vill Léift a Courage, Mënsche versammelt, geheelt a getréischt, geruff a geschéckt – an och den Tempel geraumt.

Hien huet sech net gescheit, wann et dann néideg war, di politesch a reliéis Verantwortlech op d’Plaz ze setzen. Fir all déi war hie ganz sécher en Dar am An. Duerfir gouf hie jo och ugeklot.

Wéi de Jesus op Jerusalem zréck koum, wousst hien, wat hien do géing erwaarden. Hien hätt all deem kënnen aus de Féiss goen. Mee aus Léift zu sengem Papp – an aus Léift zu eis (!!!) huet hien op säi Gewësse gelauschtert – an ass dëse schwéiere Wee bis zu Enn gaangen.

Di eigentlech Uklo géint de Jesus war reliéiser Natur. Déi waren awer virum réimesche Recht net strofbar. Dat woussten di reliéis Verantwortlech, d’Hohepriester an d’Schrëftgeléierten. Si wollte senger awer lass ginn. Duerfir hu si aner Nische gesicht fir hie virun d’Geriicht ze schleefen an him virgeworf:

  • dass hien d’Leit ugestëppelt hätt an doduerch eng Gefor fir den ziville Fridde wier – dobäi hunn awer si selwer d’Leit opgestëppelt…
  • dass hien de Leit gesot hätt, si solle keng Steiere bezuelen – an duerfir dat réimescht Räich finanziell Verloschter misst astiechen;
  • dass hie sech selwer als Kinnek ausginn hätt – an dat eng Gefor fir de réimesche Keeser wier.

Well di reliéis Autoritéiten aus dem Tempel ëm hir Muecht gefaart hunn, hu si d’Leit opgestëppelt a manipuléiert. Dozou muss ee leider soen, dass dat vun de Réimer besatend an ausgebeut Vollek sech awer och manipuléiere gelooss huet. Op di Fro vum Pilatus, wat de Jesus da verbrach hätt, wat Doudesstrof géing rechtfäerdegen, do koum keng Äntwert. De Jesus huet gestéiert – duerfir huet hie missen aus de Féiss – fäerdeg!

Tëscht den Zeilen ass ze liesen, dass dem Pilatus di Saach awer net ganz geheier war. Hien huet no Ausweeër gesicht, fir aus deem ganze Schlamassel erauszekommen, ouni selwer d’Gesiicht ze verléieren.

Mir erënneren eis, dass zum Passahfest ee Gefaangenen, deen d’Leit selwer konnte wielen, aus dem Prisong konnt entlooss ginn. De Pilatus wollt de Jesus fräi loossen. Mee d’Vollek huet de Barrabas gefuerdert.

Dann huet sech och nach dem Pilatus seng Frau dra gemëscht: hie soll de Jesus fräi loossen. Dat muss ee sech virstellen. An engem Moment, wou de Jesus vu sengen eegene Landsleit op himmelschreiend Aart a Weis onschëlleg ugeklot a vu senge Frënn aarmséileg am Stach geloss gëtt, do setzt sech eng heednesch Frau fir hien an.

De Pilatus hätt kéinte mat der Fauscht op den Dësch schloen a soen: De Jesus huet näischt verbrach – ech verurteelen hien net.

Mee dat hätt hie warscheinlech selwer de Kapp kascht. Fir d’Gesiicht net ze verléieren huet hie sech viru versammelter Gemeinschaft d’Hänn gewäsch fir domat auszedrécken: Ech droen heifir keng Verantwortung. Dat ass Är Saach. Mee – kann, dierf ee sech einfach esou aus der Verantwortung zéien – sech d’Hänn wäschen – an dat war et?

Eigentlech ass di ganz Situatioun onméiglech. Do sinn am Hannerland, déi di d’Fiedem gezunn hunn, anscheinend super reléis Mënschen, déi d’Anhale vu Reegelen, Gesetzer a Kanonen fuerderen – awer dat natierlech nëmme fir di aner… Awer si selwer hu kee Problem dermat, fir Leit ze manipuléieren – fir dem Jesus senger lasszeginn.

Et ass ze hoffen, dass och dem Pilatus säi Gewësse sech iergend eng Kéier gemellt huet. War dach gewosst, dass hien am Jesus géif een Onschëllege verurteelen. Awer d’Angscht ëm di eege Karriär war méi grouss wéi d’Gewëssen. An da sinn do nach d’Leit, déi beim Jesus senger Entrée a Jerusalem jubiléiert hunn. Elo virum Herodes jäize se just de Contraire. Hätte si wéi virdrun Hosanna, elo NEE geruff, wéi wier d’Geschicht dann ausgaangen? A mir – wat hätte mir gemaach?

All di Mënsche sinn dem Jesus begéint. Di eng goufe couragéiert Zeie vum Jesus, di aner aarmséileg Verréider. Alles bis haut héichaktuell Themen.

Eis si bis elo – hoffentlech – esou extrem Situatiounen erspuert bliwwen. Mee sécher hunn och mir schon emol richteg de Bauch wéi kritt bei populistesche Kommentaren, sief dat iwwert Mënschen, déi op der Flucht sinn, déi alles verluer hunn, a bei eis eng nei Zukunft sichen, oder soss géint Auslänner, Kierch oder aner gesellschaftlech Themen.

Wa mir esou simplistesch Kommentaren héieren an eisem Ëmfeld, wéi enger Stëmm follege mir dann? Eisem Gewëssen oder der Angscht? Wat wéilten, misste mir evtl. maachen, mee trauen eis net? Firwat?

An engem Moment vu Stëllt biede mir den Härgott ëm den néidege Courage an d’Kraaft fir mat Respekt a Wuelwëllen, do wou et néideg ass, dat ze soen, wat muss gesot ginn, zum Wuel a Schutz vu Betraffenen.

Stëllt

Helleg Maria, Gottesmamm, Tréischterin am Leed – biet fir eis. Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu