lb | fr | pt | en |
D’gudd Noriicht vu Gott
Wegweiser vum 2. Sonndeg am Joreskrees (14.01.2018)
Dëse Weekend héiere mir an der Kierch eng vun deene Liesungen déi mech ëmmer nees op en Neits faszinéieren: de Samuel, dee sech beruff fillt an dee senger Beruffung nogeet.
Am Evangelium gëtt vun der Beruffung vun den éischte Jünger gezielt: de Péitruss an den Andreas hunn de Ruff vu Jesus héieren, si ginn dem Jesus no a bleiwen him trei.
An eiser Gesellschaft ass et de Moment ganz sécher net ëmmer evident, der gudder Noriicht vu Jesus Christus no ze goen an trei ze bleiwen. Ëmmer erëm komme Konfliktsituatiounen.
Heibäi denken ech ganz besonnesch un eis jonk Chrëschten: Kanner déi elo nieft hirem ganze schoulesche Programm sech Zäit huele fir an d’Parkatechesestonnen ze goen; Elteren déi sech arrangéiere fir datt hir Kanner vun der gudder Noriicht vu Jesus Christus eppes léiere kennen. Et ass net ëmmer sou einfach ee Ruff ze héieren an deem dann no ze goen.
Jonker ginn ëmmer dacks an hire Frëndeskreesser ausgelaacht, wa si sech dozou bekennen datt si sech fir déi frou Botschaft interesséieren a souguer ee Ruff an der chrëschtlecher Gemeinschaft spieren.
Jugendlecher, déi sech als Massendénger engagéieren, erliewe bäi hire Kollegen, datt mat hinnen de Geck gemaach gëtt, wa si reegelméisseg dem Ruff noginn a sech an der kierchlecher Gemeinschaft abréngen.
Loosse mir jiddereen, dee sech beruff fillt, op sengem Wee ënnerstëtzen, sief et am Gebiet oder ganz einfach mat engem gudden encouragéiertem Wuert. Loosse mir eis selwer och beruff fillen, eis z’engagéiere fir déi gutt Noriicht vu Jesus Christus weider ze zielen an ze liewen.
Quell: wort.lu