lb | fr | pt | en | de |
Mat Jesus ni eleng
De Wegweiser zum 30. Sonndeg am Joreskrees vum Fränk Strock (28.10.2018)
Wat huet d’Markusevangelium en Humor: D’léscht Woch hunn d’Jünger gesinn a näischt verstanen, an an der Suite gesi mer e Blannen, deen alles verstanen huet.
De Bartimäus rifft zweemol „Kyrie eleison“ - Här erbaarm dech! An hien nennt Jesus „Rabbuni“ (MÄI Meeschter), en Diminutiv, dee just nach Maria vu Magdala eng Kéier gebraucht. Als Blanne muss hien heeschen, ma dat dierf hien net an der Stad, hie setzt baussent der Mauer. Hien huet keng Aarbecht a kee Numm, well Bartimäus heescht de Jong vum Timäus. Hie gëtt just iwwer säi Papp definéiert. Op allen Niveauen ass hien ausgeschloss.
Jesus schenkt him d’Aliicht. Do fällt mer eng Zeen aus dem Film „Life of Brian“ an, wou e Geheelte sech fierchterlech opreegt, well en elo keng Sue méi heesche kann. Jo, dem Bartimäus geet et elo och esou: Hien huet ni schaffe geléiert. Vu wat soll hien elo liewen?
D’Äntwert op dës Fro gëtt eis dee léschte Saz: „Vun do un ass hie Jesus nogaangen!“ Hien ass also net nëmme vu sengem kierperleche Leide geheelt, ma och vum sozialen Ausschloss. Hie kënnt an eng Gemeinschaft, wou e Frënn fënnt a léiert, fir sech an aner ze suergen.
Wa sech d’Jünger di léscht Woch Exklusivrechter gefrot hunn, sou weist eis Jesus hei, dass hien inklusiv denkt.
Wéi sti mir dozou? Denke mir an eiser Kierch inklusiv, d. h. de Friemen, de Jonken, den Aarmen, de Kranken... huet seng Plaz an eiser Gemeinschaft? Vläicht luede mer jo op eisem näxte Parfest den Heeschemann virun eiser Kierch op eng Grillwurscht, e puer Fritten an e Béier an?
Quell: wort.lu