lb | fr | pt | en |
3. Ouschtersonndeg B
Lk 24,35-48
35 Déi zwéi Jünger, déi vun Emmaus zréckkomm waren, hunn deenen Eelef an deenen anere Jünger erzielt, wat hinnen ënnerwee geschitt war, a wéi de Jesus sech ze erkenne ginn huet, andeems hien d’Brout gebrach huet.
36 Iwwerdeems si dat erzielt hunn, huet hien sech an hir Mëtt gestallt a sot zu hinnen: “Fridde sief mat iech!”
37 Si sinn erféiert an hunn et mat der Angscht ze doe kritt, well si gemengt hunn, si géifen e Geescht gesinn.
38 Du sot hien zu hinnen: "Firwat sidd dir an enger Oprou, a firwat maacht dir iech esou vill Gedanken an ärem Häerz?
39 Kuckt meng Hänn a meng Féiss: Ech sinn et wierklech! Paakt mech un a kuckt: E Geescht huet dach net Fleesch a Schanken, wéi dir et bei mir gesitt!"
40 Nodeems hien dat gesot hat, huet hien hinnen seng Hänn an seng Féiss gewisen.
41 Wéi si et awer bei aller Freed nach ëmmer net gleewe konnten an sech gewonnert hunn, sot hien zu hinnen: “Hutt dir näischt hei fir z’iessen?”
42 Si hunn him e Stéck gebrodene Fësch ginn.
43 Hien huet et geholl an et bei hinnen zou giess.
44 Du sot hien zu hinnen: “Dëst si meng Wierder, déi ech iech gesot hat, wéi ech nach mat iech zesumme war: Alles, wat am Moses sengem Gesetz, bei de Prophéiten an an de Psalmen iwwer mech geschriwwe steet, huet missen erfëllt ginn.”
45 Duerno huet hien hinnen de Verstand fir de Sënn vun de Schrëften opgemaach,
46 an hie sot zu hinnen: "Esou steet et geschriwwen: De Christus leit, an deen drëtten Dag steet hie vun den Doudegen op;
47 an sengem Numm gëtt alle Vëlleker en Ëmdenke verkënnegt, fir datt d’Sënnen nogelooss ginn. Vu Jerusalem aus
48 gitt dir Zeien heifir."