lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
1. September 2018

Mam Liewe verbonnen

De Kommentar zum 22. Sonndeg am Joreskrees (02.09.2018)

Mk 7,1-8.14-15.21-23

Hu mer déi zwee lescht Sonndeger d’Wichtegkeet vun der Eucharistie virun A gefouert kritt, weist de Jesus elo, datt dat alles kee Sënn mécht, wann et net mam normale Liewe verbonnen ass. Fir datt dëst däitlech gëtt, begéine mer hien an enger ganz mënschlecher Situatioun, beim Iessen.

Hien ass ganz Mënsch a ganz Gott. Hien huet ee mënschlecht Liewen, sou wéi s du an ech. An him sinn zwou Nature vereent, déi vum Mënsch an déi vu Gott. Si si vereent an där enger Persoun. Alles, wat de Jesus mécht, ass mënschlech a göttlech. Dëst kann ons ee Beispill sinn: Sou, wéi et fir de Jesus näischt gëtt ouni Gott, sou soll et och fir ons näischt ouni Gott ginn. Alles, wat ech maachen oder net maachen, huet mat Gott ze dinn. Him ass näischt friem. Däitlech gëtt dëst och um Enn vun all Eucharistiefeier, wann den Zelebrant déi Gleeweg erausschéckt. Mir ginn net erausgeschéckt, fir alles ze vergiessen, wat d’Schrëft an d’Traditioun ons duergeluecht hunn. Nee, mir ginn erausgeschéckt, fir dat an onsem Liewen ze weisen. Sou verbënnt sech Eucharistie a Liewen zu engem Ganzen. Stelle mer ons reegelméisseg d’Fro: Här, wat wëlls du? Wat soll ech elo maachen? Lauschtere mer op hien, loosse mer ons féieren.

Dëst ass einfach gesot, an der Realitéit awer dacks schwéier. Jo, ech handelen net ëmmer esou ewéi Gott dat wëll, dëst ass d’Fräiheet an d’Verantwortung an där mer alleguer als Mënsche stinn. Et geléngt ons net ëmmer, op Gott ze lauschteren. Näischt ass him friem, hunn ech virdru geschriwwen, an op deem Vertraue kënne mer gewëss sinn, datt hie bei ons ass, och an de schwierege Momenter an onsem Liewen, jo och dann, wa mer äis d’Fräiheet huelen, net op hien ze lauschteren. Jesus Christus, Mënsch a Gott, ass mat ons um Wee. Hie verzeit ons Feeler a Noléissegkeeten an huet déi Gedold mat ons, déi all mënschlech Gedold iwwertrëfft.

Bei der internationaler Massendéngerwallfahrt huet de Sébastien Meyers als Vertrieder vu Lëtzebuerg dem Poopst dës Fro gestallt: „Heiliger Vater, als Ministranten und Glaubende schenken wir einander beim Friedensgruß in der Heiligen Messe den Frieden. Wie können wir dazu beitragen, dass dieser Friede auch aus den Mauern unserer Kirchen heraustritt und wir so Erbauer des Friedens sein können in unseren Gemeinden, in unseren Ländern, in unseren Familien und in der Welt?“

De Poopst Franzikus huet Folgendes geäntwert: „Danke! Du hast sehr richtig gesagt: Der Friede und die Heilige Messe gehören zusammen. Vor dem Friedensgruß bitten wir den Herrn, der Gemeinschaft der Kirche Frieden und Einheit zu schenken. Der Friede ist sein Geschenk, das uns verwandelt, damit wir als Glieder seines Leibes dieselbe Gesinnung haben können wie Jesus, damit wir so denken können, wie er denkt – dieselbe Gesinnung wie Jesus, denken wie Jesus denkt! –, lieben, wie er liebt. Das schenkt Frieden. Und am Schluss der Messe werden wir mit dem Wort ausgesandt: ,Gehet hin in Frieden!‘, das heißt: Nehmt den Frieden mit euch, um ihn den anderen zu geben, ihn mit eurem Leben, mit dem Lächeln, mit den Werken der Nächstenliebe weiterzugeben. Der konkrete Einsatz für den Frieden ist der Beweis dafür, dass wir wirklich Jünger Jesu sind. Die Suche nach Frieden beginnt bei den kleinen Dingen. Zum Beispiel zu Hause: Verschließe ich mich nach einem Streit unter Geschwistern – so frage ich –, indem ich den Beleidigten spiele, oder versuche ich, einen Schritt auf den anderen zuzugehen? Weiß ich mit kleinen Gesten Frieden zu schließen? Bin ich bereit, mich in jeder Situation zu fragen: ,Was würde Jesus an meiner Stelle tun?‘ Wenn wir das tun und uns bemühen, das entschieden in die Tat umzusetzen, dann werden wir den Frieden Christi in das alltägliche Leben bringen und Erbauer und Werkzeuger des Friedens sein. Danke.“

Huele mer den Opruff vun dësem Sonndeg un, da léiere mer d’Eucharistie mam Liewen an onst Liewen ëmmer méi mat Gott ze verbannen.

Source: Luxemburger Wort

Patrick DE ROND
patrick.derond@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu