lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
8. Januar 2019
D’Sonndesmass gouf vu Réimech iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 13. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Réimech iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Réimech huet ënnert der Leedung vum Sarah Pirrotte gesongen, op der Uergel huet de Patrick Wilwert begleet.
Chorale Sainte Cécile Réimech
D’Chorale Sainte Cécile vu Réimech gouf am Joer 1848 gegrënnt. Am leschte Joer hu mir eis 170 Joer gefeiert. Aktuell ziele mir 23 aktiv Memberen. Mir sangen all Sonndeg an all Feierdag d’Houmass, donieft Hochzäits- a Begriefnësmassen. Mir prouwen donneschdes owes an der Kierch a mir giffen eis iwwert all neie Member freeën.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Lobt Gott, ihr Christen, allzugleich (BWV 609) | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Adeste fideles | Arr. L. Menager |
Kyrie | Missa brevis in F | V. Rathgeber |
Gloria | Missa brevis in F | V. Rathgeber |
Zwëschegesank | Benedictus qui venit, Alleluja | J.M. Haydn |
Credo | III | |
Gowelidd | Menschen, die ihr wart verloren | M. 817 |
Sanctus | Missa brevis in F | V. Rathgeber |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa brevis in F | V. Rathgeber |
Kommuniounslidd | Christ unser Herr zum Jordan kam (BWV 7) | J.S. Bach |
Danksagung | Fest soll mein Taufbund | M. 836 |
Schlusslidd | Alma redemptoris mater | G.P. da Palestrina |
Sortie: Uergel | Der Tag der ist so freudenreich (BWV 605) | J.S. Bach |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Réimech
Dirigentin: Sarah Pirrotte
Organist: Patrick Wilwert
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique