lb fr pt en
Wegweiser Jahr C (2018-2019)  
19. Abrëll 2019

Wat de Jesus vun eisem Liewe matdréit

Wegweiser fir Karfreideg vum Tanja Konsbruck (20.04.2019)

Karfreideg – an eiser chrëschtlech geprägter Welt ee besonneschen Dag am Joer.

Gären erënneren ech mech grad op dësem Dag u meng Kannerzäit – dee ganzen Dag ware mir mat eise Klibberen duerch d‘Stroosse vum Duerf ënnerwee. Et war fir eis ee risege Spaass (an dat um Karfreideg) fir d‘Leit moies fréi mat deem hëlzene Kaméidi duerch d‘Stroossen erwäschen ze goen. Leider ass a villen Dierfer déi Traditioun vum Klibberen net méi sou präsent – schued.

Als Klibberkanner krute mir ëmmer gesot: „Jo, dir musst Klibbere goen, d‘Klakke sinn op Roum beichten.“ - Eppes, wat ech ni verstanen hunn. Genee wéi ech als Kand et sécher och net verstanen hunn, wisou et grad deen Dag kee Fleesch an och nach kee Schockela gouf. Herno gouf mir erkläert, datt de Karfreideg dee groussen Trauerdag an der Kierch ass an datt de Karfreideg eis un eis eege Liewen erënnere soll.

Um Karfreideg gëtt all Jar d‘Johannespassioun virgedroen – d‘Erzielung vun eiser Här Jesus Christus, dee fir eis all gelidden a gestuerwen ass, deen eis Ängschten an eis Schold a sech dréit.

En dréit dee méi däischteren Deel vun eisem Liewen a sech – een Deel, op dee mir selwer jo a sech net gäre kucken an dee mir och nawell gäre verdrängen.

Hien dréit alles op senge Schëlleren, dréit et trotz Péng erop bis op de Bierg Golgota, fir domat ze stierwen. Hien hëlt eisen däischteren Deel mat a säin Doud eran. An hie féiert zum neie Liewen. Hien hëlleft eis, eis ze veränneren, hien hëlleft eis, no vir ze kucken.

Mir wëllen eis haut ganz besonnesch un dat erënneren, un dat, wat de Jesus vun eisem Liewe matdréit, a loosse mir d‘Passiounserzielung an de Mëttelpunkt setzen.

Quell: wort.lu

Tanja KONSBRUCK
tanja.konsbruck@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu