lb fr pt en
Priedegten  
16. Mee 2019

Bleif bei eis – looss eis der jonker Generatioun hir Weeër verstoen! / Mk 1, 9-11

Lauschtert a liest déi 4. Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (16. Mee 2019)

Hiféierung

A menger Ëmfro hunn der vill vun Iech geklot, et géif wéidoen, datt Är Kanner oder Enkelkanner net méi esou gleewen, wéi Dir dat geléiert gouft an och net esou, wéi Dir hinnen dat bis elo virgelieft hutt.

Dir hutt bestëmmt an Ären Häerzer eng grouss Plaz fir Är Kanner oder Kandskanner, a si och fir Iech.

  • Jiddereen, ob al oder jonk, ass op seng Manéier ok.
  • Jiddereen, ob al oder jonk, mécht och munches falsch.
  • Wat ass eigentlech „net ok sinn“?
  • Wat ass eng Sënd?
  • Wat ass fir den Herrgott eng Sënd a wat maache mir zur Sënd?
  • Wat spiere jonk Leit als „net ok“?

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

Mir hunn an deene leschten Deeg probéiert, e gutt Wuert op verschidde Plaze vun eisem Liewen anzeflechten. E gutt Wuert vun Trouscht: „Ech sinn deen, deen do ass!“ E gutt Wuert vun Encouragement, wou mer froen: „Bleif bei eis!?“ a mer kréien, wéi den Zachäus, geäntwert: „Géi sécher heem, ech kommen haut bei Dech zu Nuecht iessen!“

Wësst Der, wann s Du e gutt Wuert kriss, da fills Du Dech doheem. Wat déngt mer eng Villa mat engem Parc ronderëm, wann ech andauernd dran ugegranzt ginn? Wat déngt mer eng fir deier Geld gehëtzte Kierch an nach restauréiert derzou, wann do net dat eent Häerz zu deem aneren Häerz schwätzt?

  • „Zum Häerz schwätzt nëmmen d’Häerz gutt!“ sot de Franz von Sales (oder de François de la Salle).
  • „Wann s Du schwätz an dat, wat s Du sees kënnt aus Denger Intelligenz, da bass Du e Professer!“
  • „Wann s Du schwätz an dat, wat s Du sees kënnt aus Dengem Verhalt (aus Denger Erënnerung), da bass Du e Schnëssert.“
  • „Wann s Du schwätz an dat, wat s Du sees kënnt vun Häerz, da bass Du e Priedeger!“
    esou huet eise Professer gesot, wéi hie probéiert huet, eis priedegen ze léieren.

„….da bass Du e Priedeger“, jo, dat gëllt fir an der Kierch, doheem ass et awer d’selwécht. Wann s Du schwätz an et kënnt vun Häerz, da bass Du eng gutt Mamm, e gudde Papp oder eng gutt Bomi… oder Mémé…
Wann s Du probéiers, vun Häerze gutt Wierder ze soen, da si vill Leit gäre bei Dir.

z. B.: Ech hat dëslescht vun enger Fra héieren, déi huet erzielt, si wär als Kand all Samsdeg e puer Kilometer wäit gaangen, bei hir Bomi, just nëmmen, well d’Bomi si esou häerzlech léif gedréckt huet, wa si zur viischter Dier bei hir era koum. An dann huet d’Bomi si gefrot, wat si déi ganz Woch erlieft hätt, a si huet dem Kand gedëlleg nogelauschtert – 10 km eleng dowéinst.

E gutt Wuert, dat mécht en Doheem an et kascht net vill. A wéi ech esou gefrot hunn, iwwer wat ech nach an der Oktav priedege soll, do hunn esou gutt Bomien a Bopae mer gesot, et géng hinnen terribel déck doen, datt hir Enkelkanner oder Urenkelkanner net an d’Kierch ginn, oder, wéi anerer gesoot hunn: datt si keng Relioun hunn.

Wann dat Iech, Grousselteren, déck deet oder wéi deet, da seet dat scho Villes. Dat schwätzt Bänn. Et seet als éischt aus, datt de Jesus – seng gutt Noriicht – d’Maria an d’Kierch Iech um Häerz leien (um Häerz, net um Mo!) an datt Dir Iech wënscht, Är Enkelkanner sollen och zum Jesus soen: „Bleif bei eis!“. Äre Glawen ass fir Iech eng gutt Saach an eng gutt Saach, déi soll ee viru reechen.

Als zweet seet Äre Wonsch awer nach eppes aus, wat ech esou tëschent den Zeile liese kann: Är Enkelkanner an all déi aner, deenen Dir wënscht, si sollen hire Glawe kënne liewen an dra frou ginn, déi si fir Iech och ganz wichteg. Et weisst, datt Dir mat hinne ganz frou sidd, si hunn eng grouss Plaz an Ärem Häerz.

Ech denke mer (esou schätzen ech Iech an), Dir wënscht Äre Kanner Glawen, fir datt si doranner frou ginn, datt si kënnen doran opbléien. – Net, datt si un éischter Stell Geboter a Gebräicher solle follegen, wéi dat bis elo nach ëmmer esou war. Fir d’éischt Geboter a Gebräicher agehal – an da bass Du e gleewege Mënsch! Fir d’éischt schécks Du Dech – an da ginn ech frou mat Dir! Fir d’éischt Leeschtung – an dann de Loun!

Dat ass den Iertum vun der Welt. Beim Herrgott ass et just ëmgedréint. Fir d’éischt frou ginn, well ech spieren, datt ee mech gären huet – an da kënnt de Rescht no. Wéi ech Iech esou vun hei aus duerchkucken ass et dat wat Dir Äre Kanner, Enkelkanner an Urenkelkanner wënscht.

Kommt, mer denken nach eng Kéier drun, wat elo grad aus der Bibel virgelies gouf: Deen immens wichtege Moment vum Jesus senger Daf am Jordan.

Bis dohin hat de Jesus och an deem Sënn vu Leeschtung a Loun nach net vill ëmgehäit, op alle Fall wësse mer näischt dovun. Hien hat Charpente gebaut, Haiser, menge mer op alle Fall emol, dat Richtegt weess keen. Hie war sengen Eltere mat 12 Joer duerch Bascht gaangen, dat wësse mer aus dem Evangelium. Wat hien awer deemols bei der Daf am Jordan esou sécher wosst, wéi d’Waasser naass war, dat war, datt de Papp am Himmel hie gären huet: „Du bass mäi Jong, an Dech hunn ech gär!“

Ech fannen dat eng grandios Saach, datt Dir kapabel sidd, Äre Kanner, Enkelkanner an Urenkelkanner ze verstoen ze ginn, datt Dir frou mat hinne sidd, datt dat esou ass, dat huelen ech dorun an Uecht, datt Dir Iech wéinst hirem Glawe Suerge maacht.

Et ass dat Alleréischt an dat Allerwichtegst, datt mir deenen, déi no eis d’Welt nach wäerte viru bewunnen, soen, datt mir frou sinn, datt et si gëtt, datt si ok sinn…

  • och wa si net mat deem selwéchte Mustang fueren, wéi viru 50 Joer…
  • och wa si sech anescht kleeden, wann d’nei Boxe scho mussen zerrass sinn…
  • wann den Handy an Online-sinn fir si mat dat Wichtegst ass…
  • Dir sidd ok, och wann Är Moralvirstellungen haut ganz anescht sinn…

Et ass Villes anescht an awer gutt, an dacks esouguer besser. De Bauer geet jo och net méi mat der Séchel an de Karschnatz.

Wann ech Kanner deefen, da ginn d’Eltere gefrot, ob si eng gutt Mamm an e gudde Papp wëlle sinn. Si äntweren all: „Jo!“ An dono gëtt gefrot, ob si dem Kand wëllen trei bleiwen, egal wat geschitt, esouguer wann d’Kand d’Elteren enttäusche géif, an dorop äntweren d’Elteren och: „Jo!“

Léif Frënn, gläicht dat dann net ganz staark deem, wat virun 2000 Joer beim Jordan geschitt war? „Du bass mäi Jong an ech hunn Dech gär, du steess an menger Gonscht!“

Wa mir deene Generatiounen no eis ze verstoe ginn, datt mir si gären hunn, da kann et méiglech sinn, datt si drop kommen, datt och dee Gott, un deen s Du an ech gleewen, si gären huet an hinnen an eis Halt am Liewe gëtt.

Mee!!!! – Wann si eis awer elo enttäuschen, wéi scho bei der Kanddaf gefaart gëtt, wat ass dann? Enttäuschen: wann ech enttäuscht ginn, dann hat ech mech virdru getäuscht. Ech ka mech net nëmmen an deem täuschen, wat ech vun aneren erwaarden, mee och fatzeg an deem, wat ech selwer fir wichteg fannen.

Kommt, mer huelen eise Courage an 2 Gräpp a mer kontrolléieren, mat Bléck op déi jonk Generatiounen, eis eege moralesch Virstellungen.

Wat ass fir Dech e Feeler oder eng Sënd, a wou fäerte mer, datt déi Generatiounen no eis dat anescht gesinn?

z.B.: Mat der Sënd, dat ass esou eng Saach: Eng krank Fra schéckt hire Mann sonndes an d’Mass (et si scho 60 Joer hier) an de Mann ass amplaz dohin, een huele gaang. Wéi hien aus der Wiertschaft heem koum, do huet d’Fra gefrot: „Wat hat den Här gepriedegt?“ an do sot de Mann: „Oh, hien hat iwwert d’Sënd gepriedegt.“ – „A wat sot hien?“ – „Ma, hie sot, hie wier dergéint!“

Mir sinn all dergéint, mee wann et drop ukënnt… dann…

An der Nofolleg vum Jesus solle mir eis vun der Sënd ewech halen, well de Jesus jo selwer keng Sënd hat – „in allem uns gleich außer der Sünde“ – a mer huele ganz séier d’Sënne bei aneren, och bei jonke Leit, an Uecht.

An elo kënnt eng, halt Iech emol fest un Äre Still un, ech soen Iech eppes, wat Dir bis elo nach vläicht net wousst: de Jesus hat gewëss keng Sënnen? – Hien hat der e ganze Koup:

  • Hien huet um Sabbat geheelt, hätt hien net dierfen – eng Sënd.
  • Hien huet mat enger samaritescher Fra diskutéiert, dat hätt hien als Judd guer net dierfen, nach eng Sënd.
  • Hien huet den Tempeldéngscht gestéiert, alles t’ënnescht an d’iewescht gehäit, d’Ranner an d’Schof verwalt! War dat an der Rei?

A mer haten et scho gesot: hie war als 12järegen net mat heem gaangen, si hunn e missten 3 Deeg sichen. Dee Borscht hätt dat jo net dierfen! „Wou kanns Du…!“ sot seng Mamm.

Hie gouf wéinst senge Sënnen a Gotteslästerungen ugeklot an dout gemaach.

Aha! A wat maachen ech dann elo? Elo sinn ech en Heretiker. Ech gleewen net méi dat Richtegt!

Eng kleng Geschicht nach virun der Léisung vum Problem: 1848 war an Éisterräich en Opstand vu Leit, déi aarm waren a méi Rechter vun der Habsburger Monarchie gefrot hunn. Do ass dem Keeser gemellt ginn: „Majestät, in Wien ist ein Aufstand, das Volk ist auf der Straße und verlangt nach mehr Rechten!“ – An do hätt de Keeser geäntwert: „Ja dürfen’s denn dös?“ Demokratie war fir den Habsburger Keeser deemools eppes Verbuedenes.

Dat, wat de Jesus gemaach hat, war an den An vun der Tempelherrschaft Sënd a Gotteslästerung. Du an ech, mir dierfen all Dag eis Bräich a Gewunnechten ënnersichen, ob si gutt oder net gutt sinn.

„Du solls den Här, däi Gott, gären hunn an däin Nächsten ewéi dech selwer“ – dat ass de Leescht, iwwert deen eist Liewe soll gezu ginn, an do gleewen ech, datt de Jesus ganz, mat Kapp a Fouss, „in Gedanken, Worten und Werken“ ouni Sënd war.

Virun 2 Generatioune waren „sonndes an d’Mass goen“ an „sech an der Sexualitéit schécken“ d’Haaptgeboter: „Eher behält jemand sein Ansehen, der seinem Nachbarn an Hab und Gut schädigt, als derjenige, der seine Ostern nicht hält!“ …

An der neier Generatioun ass d’Gewiicht verlagert: Ëmweltschutz, Recht a Gerechtegkeet stinn zimlech vir. Fréier si mir sonndes an d’Mass gaang an hunn eise Knascht an d’Uelzecht gekéiert a mer hunn eis näischt Schlechtes dobäi geduecht! Initiative fir de Fridden, Gerechtegkeet, Mënscherechter an d’Ëmwelt leien och am duebele Gebot vun der Léift; am Jesus senger gudder Noriicht. Et ass also keng grouss Differenz tëschent der aler an der neier Generatioun, wat d’Moral ugeet. Bei jidderengem gëtt et Guddes an Aneres, loosse mer eis do net täuschen.

Mir sinn am selwechte Boot an dofir kënne mer gutt ee mat deem aneren ëmgoen. Mir kënne Vertraue verschenken, datt den Herrgott Dech a mech, an all déi aner, schonn ëmmer gären huet: dat ass eis Aufgab.

Wann der elo heem kommt an der begéint Ären Urenkelen, Enkelkanner oder Kanner, da sot hinnen, datt Dir ganz frou mat hinne sidd, gitt hinnen eng déck Bees, wann se eng ofhuelen, an Dir kënnt esou guer dobäi soen: „Ech war an d’Oktav an do ass mer opgefall, datt ech Dech ganz gären hunn!“ – An da kuckt Dir, wéi si kucken!

An den Owend spéit, an déi aner Owender, an och elo direkt hei, dierft Dir fir si bieden, léif an einfach, a spéitstens a 14 Deeg spiert Dir dann, datt Dir si nach léiwer hutt, wéi Dir gemengt hat. An iergendwann (Dir spiert, wéini dat ass), da kënnt dee Moment, wou Dir hinne soe kënnt, dass Dir fir si biet: „Der Herr ist mein Hirte, nichts wird mir fehlen!“

An da kuckt Der nach eng Kéier, wéi si kucken.

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu